




100% nohalteg Kleeder an Accessoiren
Lokal a sozial Produktioun
Eenzegaarteg an individuell Kreatiounen
Vill Informatiounen an Tipps
Dat Wichtegst op ee Bléck
BENU COUTURE produzéiert héichwäerteg, nohalteg Kleeder an Accessoiren am UpCycling.
Et ginn nëmmen Occasiounskleeder a -stoffer benotzt, déi eis vu Privatleit zur Verfügung gestallt ginn. Natierlech Matièren ewéi Kotteng, Woll a Seid gi mat Virléift verschafft. Syntheetesch Stoffer vermeide mir esou gutt ewéi méiglech. Fir d'Expeditioun benotze mir gebrauchte Kartrongskëschten an ëmweltfrëndleche Pechpabéier.BENU COUTURE ass e professionelle Schneideratelier mat lokaler Produktioun zu Lëtzebuerg, Esch/Uelzecht. Geléiert Schneider:inne mat jorelaanger Erfarung entwerfen a bitzen eis Kreatiounen. Gläichzäiteg dréit BENU COUTURE zur sozialer Integratioun bäi a bitt Aarbechtsplaze fir Leit un, déi um Aarbechtsmaart benodeelegt sinn an déi spezielle Schutz brauchen.
Déi handgemaachte BENU Kreatioune ginn op der Plaz, am Schneideratelier entworf an a verschiddene Variante produzéiert. Fir d'Produktioun ginn exklusiv Stoffer vun ënnerschiddleche Second-Hand Kleeder an Textilie benotzt. Dowéinst ass all Kleedungsstéck eenzegaarteg, en "Unikat"! Du kanns individuell Kreatiounen, déi aus Dengen eegene Liblingskleeder oder Stoffer hiergestallt ginn, am BENU Shop zu Esch/Uelzecht an Optrag ginn.
Déi stänneg Progressioun vun der Fast-Fashion-Moudebranche verursaacht vilfälteg Ëmweltschied a sozial Problemer. Am meeschte betraff sinn d'Ëmwelt an d'Mënschen an de Produktiounslänner, ausserhalb vu Lëtzebuerg an der europäescher Unioun. BENU COUTURE wëll opklären an alternativ Handlungsméiglechkeeten ervirhiewen.
- • All Kleedungsstéck an Accessoire ass eenzegaarteg • Du kriss eng Garantie op d'Veraarbechtung vun de BENU Kreatiounen • Du bezils BENU COUTURE de reelle Wäert vun der Aarbecht: 1 Aarbechtsstonn = 30 € • D'BENU Kreatioune kriss Du och direkt am Shop vum BENU VILLAGE zu Esch/Uelzecht • Besëtzer:inne vum Kulturpass kréien eng Remise

Eis neiste Kreatiounen
Eis Ekipp aus Designer:innen a Schneider:innen entwërft a bitzt d'BENU Kreatiounen am eegene Schneideratelier zu Esch/Uelzecht. Entdeck hei eis neiste Modeller!