
Akafsbong BILBY
Du kanns Dech net entscheeden, wat Denge Léifsten offréieren? Dat versti mir gutt, bei esou engem grousse Choix! Dofir ass et eng exzellent Iddi, hinnen e BILBY, also ee vun eisen Akafsbongen ze schenken!
Akafsbonge ginn et fir de Wäert vun 1 Aarbechtsstonn (30€) bis 6 Aarbechtsstonnen (180€). Mir bidden e flotten Akafsbong aus Stoffreschter un, dee mir 5€ facturéiere fir d'Produktioun. Ganz nom Motto ZeroWaste, wëlls Du Offall vermeiden? Da bidde mir och en digitalen Akafsbong am PDF-Format un.
D’Akafsbonge kënne bequeem op all eisen Internetsäiten oder direkt bei BENU zu Esch/Uelzecht fir all eis Aktivitéiten ageléist ginn.
Mir "rette" Gezei. Gläichzäiteg wëlle mir un all déi bedroten Déieren a Planzen erënneren, déi eise Schutz brauchen. Dofir sinn d'Nimm vun de Kreatioune vu gefäerdeten oder ewell ausgestuerwen Aarten inspiréiert.
Dëst sinn eis Akafsbongen
Keng Filter disponibel

