Wat geschitt mat Denge perséinlechen Donnéeën?
Dateschutz
Perséinlech Donnéeën ewéi den Numm, de Virnumm, d'E-Mail-Adress an d'Telefonsnummer, gi vertraulech behandelt. Se ginn exklusiv am Kader vum Online-Verkaf, a bis zum Ofschloss vun der Transaktioun, duerch BENU Village Esch asbl traitéiert a ginn der gesetzlecher Frist zum Dateschutz entspriechend gespäichert.
BENU Village Esch asbl erkennt un a verflicht sech, d'Gesetzer a Reglementer ze respektéieren, déi de Schutz vu perséinlechen Donnéeë regéieren, dorënner, awer net beschränkt op, d'Reglement (EU) 2016/679 vum Parlament a vum Conseil vum 27. Abrëll 2016 iwwer de Schutz vun de Persoune bezüglech der Veraarbechtung an dem fräie Verkéier vu perséinlechen Donnéeën ("GDPR") an all aner uwennbar nationaalt Gesetz oder Reglement fir d'Veraarbechtung vun dëse perséinlechen Donnéeën.
Mir sammelen a veraarbechte besonnesch Däin Numm, Virnumm, E-Mail-Adress, Telefonsnummer, IP-Adress a Verbindungsverlaf fir Verkeef, exklusiv am Kader vum Online-Verkaf a fir de strikt noutwendegen Zäitraum. Déi obligatoresch oder fakultativ Natur vun der Datesammlung gëtt wärend der Sammlung mat engem Stärchen ugewisen.
D'Donnéeën déi bei der Umeldung fir d'Newsletter gesammelt ginn (Numm, Virnumm an E-Mail-Adress), ginn nëmme benotzt fir Dir BENU Informatiouns-E-Mailen ze schécken. Dës Donnéeë ginn u kee weider, deemno och u keng aner Organisatioun, Verwaltung, Entreprise, Interessegrupp oder anerwäerts. Och D'Donnéeën déi beim Opmaache vun engem Kont gesammelt ginn, ginn ausschliisslech gespäichert an net gedeelt.
D'Internetsäit benotzt ausschliisslech Cookies, déi fir säin eegent Fonctionnement néideg sinn. Et gëtt kee Cookie vun aneren Déngschtleeschter um Apparat vum/vun der Benotzer:in ofgesat.