BENU COUTURE
Déi ganz Geschicht vu BENU COUTURE
E Spadséiergang an de Bëscher am Norde vu Lëtzebuerg. Et ass wonnerbar, d’Villercher zwitscheren, hei, e Réi tëschent de Beem. An dann, jo, da kraacht d’Box. Op eemol, einfach esou an ouni Virwarnung. Meng Jeans, nach keng 10 Joer al (haha), räisst net éieren un der Nout nee nee, mee matzendran. Mir ass direkt kloer, datt et mat een zwee Stéch net gedoen ass.
An deem Moment fänkt d’Geschicht vu BENU un.
Wéi eng Optiounen hunn ech? Eréischt e puer Deeg virdrun hat ech eng Undercover-Reportage gekuckt, vu franséiche Journalisten an enger grousser Textilindustrie an Asien. Ech war fassungslos an hu vill misste kräische beim Ubléck vun de Schléi mam Knëppel, well d’Aarbechterin mat hirer Nopesch geschwat huet. Zweemol am Dag, innerhalb vun 10 Aarbechtsstonnen, dierfe si op d’Toilette. Schwätzen ass net erlaabt well et d’Konzentratioun an d’Aarbechtsgeschwindegkeet angeeblech reduzéiert. All dat, fir datt mir um Wulldësch eng Box fir 15 € fannen? Si mir nach all bei Trouscht?
Et ass also kloer: eng nei Box aus dem Buttek ëm den Eck kënnt net a Fro. Dann also léiwer eng Box mat Label, Bio, iergendeng angeeblech Nohaltegkeet, OekoTex, Fairtrade ...?
Ech hunn a mengem Liewe geléiert, kengem Label ouni Analys ze vertrauen. Sämtlech Textillabelen, esouguer déi bescht, kënnen net ënnerschloen, dass mir, besonnesch an der Produktioun vu Kleeder, inklusiv dem Ubau an der Veraarbechtung, weltwäit um Holzwee sinn.
Kanneraarbecht
Gutt Labele garantéieren, datt déi jéngste Kanner net schaffen däerfen, déi e bësse manner jonk awer schonn. Mediewierksam gëtt dat als "Child labour free" (Keng Kanneraarbecht) ugekënnegt. Mee wat heescht dës Ausso konkreet? Beispill Bangladesch: Wann am Bangladesch Kanner "eréischt" ab 12 Joer schaffen, kann dat Kleedungsstéck déi héchst renomméiert Labelen ewéi z.B. GOTS (Global Organic Textile Standard, global-standard.org ) an IVN (Internationaler Verband der Naturtextilwirtschaft naturtextil.de ) unerkannt kréien.
Ressource Drénkwaasser
Aner Labele garantéieren, dass vill manner Waasser beim Ubau verbraucht gëtt. Déi optimisteschst a strengste vun deene ginn awer nach ëmmer vun engem Waasserkonsum vun ëm 1.000 Liter pro T-Shirt aus.
Kuerz gesot, nei Wuer hannerléisst ëmmer e grousse bis enormen, net akzeptabele sozio-ekologeschen Ofdrock an eiser Welt.
Recycling
Wéi gesäit et mat Recycling-Kleeder aus, also Kleeder, déi net aus neiem Gar an neie Faarwen hiergestallt goufen? No intensive Recherchen hunn ech leider misste feststellen, dass d’Begrëffer "Recycling“ am Allgemengen an "Textilrecycling“ am Spezifeschen, ganz generéis an oft bewosst onprezis benotzt ginn.
Trotz laanger Recherche a Gespréicher mat Experten/innen an Industrielle war et mir ganz einfach onméiglech, recycelt Kleeder ze fannen. Grënn dofir ginn et der vill: Europa léisst et zou, d’Verbrenne vu Kleeder als "Recycling" ze bezeechnen (Fachbegrëff: thermoenergeetesche Recycling). Och d’Schreddere vu Kleeder gëtt als "Recycling“ bezeechent, wann z.B. Isomatte fir d’Autoindustrie hiergestallt ginn. Obwuel d’Qualitéit vun de Matte méi niddereg ass ewéi déi vun den urspréngleche Kleeder an d’Matten doriwwer eraus nëmmen eemol benotzt ginn. Dono si se Offall.
Déi spezialiséiert Industrie erkläert mir, dass d’Kleeder einfach aus vill ze villen ënnerschiddleche Stoffqualitéite zesummegesat sinn, an dass doduerch e renge Recycling (no Stoffaart) onméiglech ass. Am beschte Fall, an dat ass den aktuelle Stand vun der Technik, misst een der Matière 3 bis 4 Mol déi selwecht Quantitéit u frëschem Polyester (Plastikstoff duerch Ueleg gewonnen) derbäiginn, fir se ze stabiliséieren. Also nach méi Mikroplastik am Ofwaasser, nach méi Mëschfaseren, déi e spéidere Recycling nach méi schwéier maachen?
Ass dat déi gréng Zukunft vun eise Kleeder?
Nee. Kommt mir halen endlech op, eis eppes virzemaachen. Kleederrecycling existéiert de facto net. Dee Begrëff gëtt konsequent vu Politik an Industrie mëssbraucht, fir entweeder onsachlech z’argumentéieren oder fir engem e gutt Gewëssen anzerieden. Datt ass onappetitlech, suggestiv an onéierlech.
Also awer kee Label, kee Recycling. Meng Fro bleift ouni Äntwert: wou kréien ech eng Box hier, ouni derbäi de Mënschen oder der Ëmwelt ze schueden?
Ech mengen et eescht mat der Nohaltegkeet. Ech sichen no enger Léisung, déi sozial an ekologesch gerecht ass. Eng (vläicht kleng) Äntwert op déi seriööst Froe vun eiser Zäit: sozial Gerechtegkeet an en Auswee aus der Klimakris déi eis all erwaart. Eng Box also, mat engem sozio-ekologesche Foussofdrock no un Null.
Al Kleeder
Wéi gesäit et mam ale Gezei aus, wou kënnt et hier a wou geet et hin, wéi gëtt et weider benotzt? Ech hu mech dëser Fro ganz intensiv gewidmet, hunn Zuelen aus ganz Europa ausgewäert, Berichter an Analysen aus internationale Quelle studéiert. D’Resultat ass esou einfach ewéi erschreckend:
D’Welt geet ënner am ale Gezei. Lëtzebuerg sammelt all Joer knapp 10.000 Tonnen. Dës Quantitéit entsprécht knapp 42 Milliounen T-Shirten, gesammelt vun enger Bevëlkerung vun ongeféier 640.000 Leit. Alleng an Däitschland entsuergen d’Mënschen 150.000 kg Kleeder. All eenzel Stonn. 24 Stonnen am Dag. 365 Deeg am Joer. Eis aalt Gezei lant zu 1,7% bei Leit am Besoin. An anere Wierder: nee, wa mir eis Kleeder an de Container vun enger Hëllefsorganisatioun geheien, hëllefe mir ganz bestëmmt net deem Kand mat de grousse bronge Guckelcher, wat eis um Container schéi laacht a merci seet fir eisen Don. 31% vun de Kleeder gi verbrannt, 36% gi verkaf a Länner, an deene se déi lokal Textilindustrie an de Ruin dreiwen, 20% ginn a Matte veraarbecht an 10% landen um Second Hand Maart.
Ech loossen iech emol verdauen. Bal all déi gesammelt Kleeder (iwwer 98%) ginn net un déi Aarm, u Mënschen, déi dringend Kleeder brauchen. Dat ass hefteg.
An da stellen ech fest, dass genau do den Usazpunkt fir BENU COUTURE muss sinn. Wa mir also aus all deene Kleeder, déi d’Leit ewechginn (entsuergen), Stécker wielen, déi grondsätzlech aus gudder Qualitéit sinn, kann ech mir eng nei Box zesummesetzen. Dofir brauche mir qualifizéiert Modedesigner:innen a Schneider:innen, déi lokal ënner anstännege Konditioune schaffen. Dann déi gesammelt Kleeder auserneenhuelen an déi doraus récuperéiert Stoffdeeler als Rostoff fir nei entwéckelt, modern Kleeder notzen. Alles lokal, keng onendlech Transportweeër (eng duerchschnëttlech Jeansbox huet ongeféier 20.000 km hannert sech, éier se an eise Geschäfter lant). Alles héichwäerteg. Liewenslaang Garantie. Staark reduzéiert Auswäsche vu cheemesche Produiten am Verglach zu neier Wuer (ongeféier 2.400 cheemesch Produite kommen an der industrieller Textilproduktioun an den Asaz, dovu gëlle ronn 250 als ausdrécklech schiedlech fir de Mënsch an d’Ëmwelt). Schafe vu lokalen Aarbechtsplazen zu sozial korrekte Konditiounen. Esou schafe mir lokal Aarbecht, bréngen nees Transparenz an ee vun den eelsten Handwierker vun der Welt a bidden, niewent dem Verkaf vun ale Kleeder an dem Loune vu Kleeder (an der Virbereedung bei BENU COUTURE), déi wuel eenzeg Optioun fir en tatsächlech nohaltege Gebrauch vu Kleeder.
Esou kënnt BENU COUTURE aus dem Ee eraus … an eran an dat éischt Ekoduerf vun der Groussregioun, BENU VILLAGE. Well eis ass natierlech wichteg, niewent dem nohaltege Konzept, och eng nohalteg Aarbechtsweis an e grad esou nohaltegt Aarbechtsëmfeld ze hunn.
Zu eisen Iwwerleeungen a Léisungen zu sozio-ekologesche Froe bei BENU COUTURE fënns Du méi an eisem Kapitel IWWER BENU COUTURE.. Entspriechend Erklärungen zum Ekoduerf an eisem Aarbechtsëmfeld fënns Du op der Internetsäit vu BENU (benu.lu).