Iwwer BENU COUTURE
Wee mir sinn a wat mir maachen
Wéi entsteet e Kleedungsstéck am Schneideratelier BENU COUTURE?
Wéi eng Servicer bitt BENU COUTURE un?

BENU Kreatiounen
Mir entwerfen a produzéieren UpCycling-Moud an Accessoiren, op der Plaz an eisem Schneideratelier zu Esch/Uelzecht. Eis Ekipp vu professionelle Schneider:innen an Designer:inne realiséiert aus selektionéierten, qualitativ héichwäertege Stoffer, eng Vilfalt u Kreatioune fir Kanner an Erwuessener.

All Artikel ass eenzegaarteg!
Eis BENU Modeller gi seriëméisseg produzéiert. Trotzdeem ass all Artikel eenzegaarteg! Fir d'Produktioun ginn nämlech ausschliisslech gebrauchte Kleeder an Textilie benotzt.
Déi verschidde Variante vun engem Modell ënnerscheede sech esouwuel an hirer Gréisst ewéi och an der Zesummesetzung vun ënnerschiddleche Stoffer a Faarwen.
Looss Dech vun eise Modeller iwwerraschen! Besich www.benucouture.lu an eis Verkafsplazen fir Dir d'BENU Kreatiounen ze sécheren.
Upassungen
Du hues Dech an eng BENU Kreatioun verléift, mee Deng Liblingsvariant passt Dir net? Jee no Besoin realiséiere mir déi néideg Upassungen.
Vläicht ass e Modell net an Denger Liblingsfaarf disponibel? Oder déi Variant, déi Dir gefält ass scho verkaf? Kee Problem! Gäre realiséiere mir dee Modell no Denge Faarf-Wënsch.
A béide Fäll, verrechne mir zousätzlech Käschten zu eise Präisser.


Op Mooss
E Lach an Denger Box? Däi Liblings-T-Shirt ass Dir elo ze enk? Mir flécken a verwandelen Däin aalt Liblingsgezei no Denge Wënsch. Oder firwat net eppes ganz neies kreéieren, op Basis vun Denge Kleeder a Stoffreschter? BENU COUTURE kann eng ganz nei Kreatioun fir Dech hierstellen!
Besonnesch beléift ass d'BRING-IN Optioun: Du sichs Dir eng BENU Kreatioun eraus déi Dir gefält a mir produzéiere se andeems mir dee Stoff benotzen deen s Du eis bruecht hues. De Stoff kënnt z.B. vun Dengem Liblings-Pullover, vun engem Kolleeg sengem Hiem oder vun der Frëndin senger Blus... Esou entsteet en eenzegaartegt, sentimentaalt Kleedungsstéck, just fir Dech!

Garantie
Mir wëllen, datt s Du esou laang ewéi méiglech Freed un Denger BENU Kreatioun hues! Dowéinst gëtt all Artikel professionell a mat vill Grëndlechkeet am BENU Schneideratelier veraarbecht. Falls Du awer nach Mängel entdecks, zum Beispill e Produktiounsfeeler un enger Nout oder enger Tirett, da komm bei eis oder schéck eis Däin Artikel.
Mir këmmeren eis gratis ëm d'Reparaturen, an dat e Liewe laang! Schueden, déi op normalem Verschläiss zeréckzeféiere sinn, gi käschteflichteg, eisen übleche Präisser no, reparéiert.
Präisser
BENU COUTURE steet fir gerecht an transparent Präisser, déi de reelle Käschte vun der Kleederproduktioun entspriechen. Alles anescht ewéi d'international Moudindustrie, déi d'Käschten duerch ausbeuteresch Aarbechtsbedéngungen a schlechtem Gehalt, ganz niddereg hält, an de Maart esou mat Bëllegprodukter iwwerschwemmt.
Mir berechnen den Aarbechtsopwand fir d'Präisser vun de BENU Kreatiounen ze bestëmmen:
1 Aarbechtsstonn = 30 Euro
Mir berechnen also, wéi laang et dauert, e Kleedungsstéck hierzestellen. An dëser Aarbechtszäit sinn all d'Etappen abegraff, déi fir d'Produktioun vun enger BENU Kreatioun ufalen: Virbereedung vun de Stoffer, Schneiden, Upassen, Zesummebitzen, uschléissend Qualitéitskontroll a Fotograféieren. Déi benotzte Materialie ginn net agerechent. E Beispill: d'Hierstelle vun der Blus Modell SUMATAN dauert 2,5 Stonnen. Doraus entsteet de Präis vun 2,5 x 30 Euro, also 75 Euro.
Kontaktéier eis hei fir vun eise Servicer ze profitéieren:
Wee schafft eigentlech bei BENU COUTURE?

Mir sinn eng ganz gemëschten Ekipp aus jonken a eelere Mënschen. Mir kommen aus verschiddene Länner a Kulturen. Alleng an der Schneider-Ekipp gi 7 verschidde Sprooche geschwat! Wat eis verbënnt ass d'Freed, zesummen ze schaffen an Neies aus Alem ze kreéieren!

Vilfalt u Mënschen a Beruffer
Eis Aarbecht profitéiert vun der Diversitéit u beruffleche Kompetenzen a Fäegkeeten vun eisen Ekipp-Memberen. Ob Modedesigner:in, Schneidermeeschter/tesch, Schneider:in op Mooss, Schneider:in oder Léierjong/meedchen - jiddweree/eng bréngt dem Entworf an der Produktioun seng eege professionell Erfarung an!
D'Verkafs-Ekipp gëtt vum engem Webentwéckler, enger Fotografin an enger Koordinatorin ënnerstëtzt. An net ze vergiessen, eis fräiwëlleg Mataarbechter an d'Studenten/innen, déi der Ekipp bei Bedarf bäisteet!
Eis Aarbechtsplaz ass de BENU COUTURE Schneideratelier zu Esch/Uelzecht. All noutwenneg Etappen, vum Entworf iwwer d'Produktioun bis hin zur Vermaartung, ginn direkt op der Plaz realiséiert an organiséiert. An dat ass eis wichteg! Well eng lokal Produktioun bedeit excellent handwierklech Qualitéit a gerecht Aarbechtsbedéngungen. Ausserdeem ginn d'Distanzen, déi hannert all Poduit stinn, drastesch reduzéiert.
Firwat ass de sozialen Aspekt eis esou wichteg?
Wäertschätzung a Respekt vun de Leit ass dat wat d'Aarbechtsëmfeld vu BENU COUTURE ausmécht. Dobäi gi mir bewosst och Mënschen eng Chance, déi et um Aarbechtsmaart méi schwiereg hunn. Ausserdeem bilde mir och aus, fir déi lokal Kompetenzen weider ze entwéckelen. An der Ekipp sinn z.B. Laangzäit-Aarbechtsloser, Flüchtlingen, jonk Leit ouni Aarbechtserfarung a Léierjongen/meedercher. Fir an der Kär-Ekipp Design, Realisatioun vu Patronen a Produktioun ze schaffen, ass eng professionell Ausbildung gefuerdert. Dëst ass e grondleeënde Krittär, fir d'Qualitéitstandarde vu BENU ze garantéieren.
Hei kanns Du eis erreechen:

Wéi eng Matièrë verschaffe mir?

Woll, Seid, Kotteng... fir eis Kreatioune benotze mir méiglechst just Stoffer aus Naturfaseren. Nëmme wann d'Funktioun vum Kleedungsstéck et verlaangt, gi Matièrë mat (ënnert anerem) syntheetesche Fasere verschafft. Mee esouguer bei natierleche Stoffer kann net komplett ausgeschloss ginn, dass net och kënschtlech Fasere mat verschafft goufen - Mëschunge sinn dacks kaum ze erkennen.
Mee all eis Stoffer hunn eppes gemeinsam: se kommen ausschliisslech vu gebrauchte Kleeder an Textilien! Och d'Accessoiren, ewéi z.B. d'Knäpp, kréie bei BENU en neit Liewen. Pelz gëtt bei BENU COUTURE aus eethesche Grënn net verschafft!
Nei Matièren, wéi z.B. Tiretten, ginn nëmmen an Ausnamefäll kaf. All nei Acquisitioun gëtt ganz kritesch hannerfrot, fir déi beschtméiglechst Nohaltegkeetsbilanz ze erreechen. Eng Regional Produktioun, Ekolabel, d’Fräiheet vu Schwéiermetaller, eng sozial verantwortlech Produktioun... all dat si Krittären, déi eis um Häerz leien! Mee: Fir eis Fiedem kenne mir wéinst Durabilitéits-Grënn just seelen op bio-zertifiéierte Kotteng zeréckgräifen. Mir benotzen haaptsächlech Polyester-Fiedem aus däitscher Produktioun, dëst opgrond vu senger Resistenzfäegkeet a senger Stabilitéit - wat sécherlech eng vun eise Schwaachstellen ass. Mir sinn dofir awer ëmmer op der Sich no Verbesserungen!
Hues Du Tipps? Mell Dech bei eis!

Wou kommen déi gebrauchte Kleeder an Textilien hier?
Et handelt sech haaptsächlech ëm Kleederspende vu Privatleit. Eis Schneider-Ekipp wielt qualitativ héichwäerteg Matièren aus, aus deenen nohalteg Kleeder kënnen entstoen. De Rescht gi mir weider un den nationale Sammel- a Sortéierzentrum fir Kleederspende vun der Spëndchen asbl eng gemeinsam Associatioun vu Caritas Luxembourg a Croix-Rouge Luxembourg.
Du wëlls Second-Hand Kleeder a Stoffer spenden? Da went Dech un eng vun eise Sammelplazen. D'Kleeder per Post ze verschécke verursaacht en ze héijen ekologesche Foussofdrock, dofir hu mir eis dogéint entscheet. D'Mäert vun den Industrienatioune leiden ënner der onendlecher Stréimung u Kleedermassen. Wann s Du also méi wäit ewech wunns an eng sozio-ekologesch Léisung fir Deng Kleeder sichs, da kuck emol ob et an Denger Ëmgéigend Initiative ginn. Du wäerts staunen, wéi vill et der (meeschtens) ginn.
An... mir lueden Dech an, eis Gedanken iwwer Kleederspenden ze liesen! Méi dozou hei
Firwat benotze mir keng Industrieoffäll?
D'Kleederindustrie produzéiert sëllege Stoffoffall, dee grad ewéi Reschtoffall entsuergt gëtt. Firwat hu mir eis also dofir entscheet, dëst net unzehuelen? Mir wëllen net, dass d'Industrie just e "grénge Mantel" undeet andeems se BENU COUTURE seng Iwwerproduktioun iwwerléisst an dono soe kann: "Kuckt wéi nohalteg mir sinn!"... Mir wënschen eis, dass d'Industrie Verantwortung iwwerhëlt, endlech... De Maart ass souwisou schonns iwwerschwemmt vu Kleeder, déi d'Mënsche wëlle lassginn.


Mat wat schaffe mir?
Bitzmaschinnen, Schéieren, Streckeisen, Moossbänner... all méiglech kleng a grouss Outilen an Hëllefsmëttele komme bei BENU COUTURE an den Asaz. Wann och ëmmer méiglech, natierlech aus zweeter Hand!
Eis professionell Ausrüstung fir de Schneideratelier, ewéi z.B. d'Bitzmaschinnen, kënnt ëmmer aus zweeter Hand. Dobäi kréie mir professionell Ënnerstëtzung an e Maintenance-Service. Nëmmen an Ausnamefäll kafe mir nei Outilen. Fir semi-professionell oder amateur Outilen, déi mir z.B. an eise Workshops gebrauchen, huele mir gäre Spenden un. Dëst gi professionell kontrolléiert, gefléckt wann néideg an d'Maintenance gëtt reegelméisseg realiséiert.
Du hues Apparater oder soss kleng Outilen déi s Du gären u BENU COUTURE wéils spenden? Da mell Dech bei eis!
Onofhängeg vu BENU COUTURE wëlle mir weisen, datt de Maart vill funktiounsfäeg Apparater ze bidden huet. Ëmsou méi wichteg si lokal Offere fir Reparatur a Maintenance!