
Modell ANGONO
Déi sougenannten "Angonoka-Schildkröt" gehéiert zu den 100 Déieren-Aarten, déi am meeschte vum Ausstierwe bedrot sinn. Opgrond vum illegalen Handel mat dësen Déieren an der Zerstéierung vun hirem Liewensraum gëtt et Schätzungen no net emol méi 800 Exemplairen op der Welt. Déi ënnerschiddlech Designs vum ANGONO-Hiem sinn also bal genau esou eenzegaarteg, ewéi d'Schildkröt, déi dëser Kreatioun hiren Numm ginn huet. Bei dëser Auswiel ass sécher och Däin neit Liblings-Hiem derbäi!
-
Männerhiem aus Kotteng
-
Regulär Coupe
-
Mao-Col
-
Kuerz Äerm mat dekorativer Sträif
-
dekorativ Täsch am Broschtberäich
-
Knappleescht op der viischter Säit an der Mëtt
-
Verschluss: Metallclips
-
Längt: Hëft
Mir "rette" Gezei. Gläichzäiteg wëlle mir un all déi bedroten Déieren a Planzen erënneren, déi eise Schutz brauchen. Dofir sinn d'Nimm vun de Kreatioune vu gefäerdeten oder ewell ausgestuerwen Aarten inspiréiert.
Dëst sinn eis Varianten
Gréissten

Faarwen

Verkafsplazen









Entdeck déi verkaafte Variante vum Modell
Dës Artikele si leider net méi disponibel, well all d'BENU Kreatioune sinn Eenzelstécker. Falls Dir e Modell awer besonnesch gutt gefält, kënne mir eppes Änleches fir Dech kreéieren. Mell Dech bei eis!




Däi Wonschartikel net fonnt?
BENU COUTURE bitt Dir un, eng nei Kreatioun just fir Dech hierzestellen! Mir flécken oder transforméieren Deng al Liblingskleeder oder Deng Stoffreschter no Denge Virstellungen.