
Modell AYRESI
D’Sarothrura hunn immens schéi gemustert Fiederen. Ganz änlech gemustert a schéi lëfteg ewéi Plomme sinn och eis AYRESI Boxe fir Kanner - esou mierkt ee bal net, dass een eng Box un huet ;-) Et gëtt se a méi liichtem a méi déckem Stoff, also méi lëfteg fir de Summer a méi schuckeleg fir de Wanter, jee no Variant.
-
Fluffeg Kannerbox
-
Jerseyband un der Taille
-
Dekorativt Band mat Knäpp um Foussgelenk
Mir "rette" Gezei. Gläichzäiteg wëlle mir un all déi bedroten Déieren a Planzen erënneren, déi eise Schutz brauchen. Dofir sinn d'Nimm vun de Kreatioune vu gefäerdeten oder ewell ausgestuerwen Aarten inspiréiert.
Dëst sinn eis Varianten
Gréissten

Faarwen

Verkafsplazen














Entdeck déi verkaafte Variante vum Modell
Dës Artikele si leider net méi disponibel, well all d'BENU Kreatioune sinn Eenzelstécker. Falls Dir e Modell awer besonnesch gutt gefält, kënne mir eppes Änleches fir Dech kreéieren. Mell Dech bei eis!


Däi Wonschartikel net fonnt?
BENU COUTURE bitt Dir un, eng nei Kreatioun just fir Dech hierzestellen! Mir flécken oder transforméieren Deng al Liblingskleeder oder Deng Stoffreschter no Denge Virstellungen.