
Modell COZUMEL
Mat eisem CropTop COZUMEL ass Däi Look genau esou frech ewéi dee vum Wäschbier, deen dëser Kreatioun säi Numm ginn huet. Mir fannen, dass een dësen Top haaptsächlech daagsiwwer droe sollt - vu dass et wéinst der kuerzer Coupe alt emol owes kéint e bësse kill ronderëm den Nuebel ginn. ;)
-
Laange, weit geschniddene Fraen-T-shirt
-
kuerz Fliedermausäerm
-
2 Ausféierunge vum Col: Ronne Col mat Band oder dekoréiert mat enger Trëtz
-
Längt: Hëft
Mir "rette" Gezei. Gläichzäiteg wëlle mir un all déi bedroten Déieren a Planzen erënneren, déi eise Schutz brauchen. Dofir sinn d'Nimm vun de Kreatioune vu gefäerdeten oder ewell ausgestuerwen Aarten inspiréiert.
Dëst sinn eis Varianten
Gréissten

Faarwen

Verkafsplazen




Entdeck déi verkaafte Variante vum Modell
Dës Artikele si leider net méi disponibel, well all d'BENU Kreatioune sinn Eenzelstécker. Falls Dir e Modell awer besonnesch gutt gefält, kënne mir eppes Änleches fir Dech kreéieren. Mell Dech bei eis!


Däi Wonschartikel net fonnt?
BENU COUTURE bitt Dir un, eng nei Kreatioun just fir Dech hierzestellen! Mir flécken oder transforméieren Deng al Liblingskleeder oder Deng Stoffreschter no Denge Virstellungen.