
Modell JOPHO
Eisen JOPHO Oversize Pullover huet säin Numm vun engem wonnerschéine Päiperlek, dee leider vum Ausstierwe bedrot ass. De Pullover besteet aus Kotteng an Jeans, an ass ewéi dem Päiperlek seng Flilleken zesummegesat. En zeechent sech och duerch seng Längt aus, well en hält eréischt an der Mëtt vum Uewerschenkel op! Deemno gutt schnuckeleg waarm, bal ewéi d’Popp vum Päiperlek ;-)
-
Kotteng an Jeans
-
Oversize Schnëtt
-
Känguru-Täsch
-
Längt: Mëtt vum Uewerschenkel
Mir "rette" Gezei. Gläichzäiteg wëlle mir un all déi bedroten Déieren a Planzen erënneren, déi eise Schutz brauchen. Dofir sinn d'Nimm vun de Kreatioune vu gefäerdeten oder ewell ausgestuerwen Aarten inspiréiert.
Dëst sinn eis Varianten
Gréissten

Faarwen

Verkafsplazen


Däi Wonschartikel net fonnt?
BENU COUTURE bitt Dir un, eng nei Kreatioun just fir Dech hierzestellen! Mir flécken oder transforméieren Deng al Liblingskleeder oder Deng Stoffreschter no Denge Virstellungen.