
Modell LEPTOX
Du wäerts Dech einfach an eise LEPTOX-Short verléiwen! En ass faarweg, huet e schéinen, passende Rimm a betount Deng Figur. Ouni Zweiwel wäert s Du einfach super ausgesinn - genau esou wéi de "Leptoxis Plicata"-Schleek, deen dëser Kreatioun säin Numm ginn huet a vum Ausstierwe bedrot ass. Vläicht kanns Du Däin Deel dozou bäidroen, dass en net vergiess gëtt?
-
Fraeshorts
-
enke Schnëtt
-
Dekorative Rimm fir ze bannen
-
Tirett op der Säit
-
Fäerdeg Längt: Mëtt vum Uewerschenkel
Mir "rette" Gezei. Gläichzäiteg wëlle mir un all déi bedroten Déieren a Planzen erënneren, déi eise Schutz brauchen. Dofir sinn d'Nimm vun de Kreatioune vu gefäerdeten oder ewell ausgestuerwen Aarten inspiréiert.
Dëst sinn eis Varianten
Gréissten

Faarwen

Verkafsplazen



Däi Wonschartikel net fonnt?
BENU COUTURE bitt Dir un, eng nei Kreatioun just fir Dech hierzestellen! Mir flécken oder transforméieren Deng al Liblingskleeder oder Deng Stoffreschter no Denge Virstellungen.