
Modell LOXODO
Gutt, dass mir kee Pullover fir en Elefant bitze mussen! Dofir misste mir nawell vill Pullovere sammelen ;-) Natierlech hu mir awer och eise LOXODO aus e puer Pulloveren zesummegesat, esou datt déi Kleng am Waarme spillen a rolze kënnen an dobäi nach eleFantastesch ausgesinn!
-
Gestréckte Pullover
-
Patchwork vir an hannen
Mir "rette" Gezei. Gläichzäiteg wëlle mir un all déi bedroten Déieren a Planzen erënneren, déi eise Schutz brauchen. Dofir sinn d'Nimm vun de Kreatioune vu gefäerdeten oder ewell ausgestuerwen Aarten inspiréiert.
Dëst sinn eis Varianten
Gréissten

Faarwen

Verkafsplazen



Däi Wonschartikel net fonnt?
BENU COUTURE bitt Dir un, eng nei Kreatioun just fir Dech hierzestellen! Mir flécken oder transforméieren Deng al Liblingskleeder oder Deng Stoffreschter no Denge Virstellungen.