
Modell MALATI
De MALATI T-Shirt huet säin Numm vum malayseschen Tiger. En huet wuel keng Sträifen, mee dofir awer e wëlle Patchwork-Design op béide Säiten. Opgepasst! Wäsch Däin T-Shirt also ëmmer ekologesch bei 30 Grad, soss kéint et geféierlech ginn ;-)
-
T-Shirt aus Kottengsjersey
-
Riichte Schnëtt
-
Patchwork vir an hannen
-
Längt: Hëftenhéicht
Mir "rette" Gezei. Gläichzäiteg wëlle mir un all déi bedroten Déieren a Planzen erënneren, déi eise Schutz brauchen. Dofir sinn d'Nimm vun de Kreatioune vu gefäerdeten oder ewell ausgestuerwen Aarten inspiréiert.
Dëst sinn eis Varianten
Gréissten

Faarwen

Verkafsplazen



Däi Wonschartikel net fonnt?
BENU COUTURE bitt Dir un, eng nei Kreatioun just fir Dech hierzestellen! Mir flécken oder transforméieren Deng al Liblingskleeder oder Deng Stoffreschter no Denge Virstellungen.