
Modell PORITES
Eis PORITES Blusen sinn op kee Fall a Stee gemeesselt, obwuel se hiren Numm vun de gefäerdete Steekorallen hunn. D’Blus zeechent sech duerch den asymmetreschen Col aus, deen domat e liichten Decolleté op enger Säit kreéiert. Dësen eenzegaartegen Design ass wäit a breet, esou wéi héich an déif, soss néierens ze fannen!
-
Enk uleiend Blus
-
Asymmetresche Col
-
Liichten Decolleté op enger Säit
-
Pince an der Taille an der Broscht
-
Kuerz, eropgediebelt Äerm
-
Längt: Taille, ënner dem Nuebel
Mir "rette" Gezei. Gläichzäiteg wëlle mir un all déi bedroten Déieren a Planzen erënneren, déi eise Schutz brauchen. Dofir sinn d'Nimm vun de Kreatioune vu gefäerdeten oder ewell ausgestuerwen Aarten inspiréiert.
Dëst sinn eis Varianten
Gréissten

Faarwen

Verkafsplazen




Däi Wonschartikel net fonnt?
BENU COUTURE bitt Dir un, eng nei Kreatioun just fir Dech hierzestellen! Mir flécken oder transforméieren Deng al Liblingskleeder oder Deng Stoffreschter no Denge Virstellungen.