
Modell TRUNCA
E 5-eckege Berri, dat gëtt et net? Ma dach, kloer bei eis gëtt et dat! Zudeem gëtt et eisen TRUNCA mat méi déckem oder manner déckem Stoff, jee nodeem ob de Kapp soll waarm gehalen oder virun der Sonn geschützt ginn. Kuck also bei de Varianten, ëm wat fir e Stoff et sech handelt. Op allefalls kann de Wand blosen, well den TRUNCA bléift dank engem Band fest um Kapp.
-
Gefiddert
-
Méi décken an dënne Stoff
-
Originell 5-eckeg Form
-
Knapp uewen drop
-
Kappband
Mir "rette" Gezei. Gläichzäiteg wëlle mir un all déi bedroten Déieren a Planzen erënneren, déi eise Schutz brauchen. Dofir sinn d'Nimm vun de Kreatioune vu gefäerdeten oder ewell ausgestuerwen Aarten inspiréiert.
Dëst sinn eis Varianten
Gréissten

Faarwen

Verkafsplazen











Entdeck déi verkaafte Variante vum Modell
Dës Artikele si leider net méi disponibel, well all d'BENU Kreatioune sinn Eenzelstécker. Falls Dir e Modell awer besonnesch gutt gefält, kënne mir eppes Änleches fir Dech kreéieren. Mell Dech bei eis!




Däi Wonschartikel net fonnt?
BENU COUTURE bitt Dir un, eng nei Kreatioun just fir Dech hierzestellen! Mir flécken oder transforméieren Deng al Liblingskleeder oder Deng Stoffreschter no Denge Virstellungen.