
Modell ZUBO
Eist ZUBO-Hiem ass perfekt fir Deng Aarbecht an Däin Alldag am Büro. Déi klassesch Coupe léisst Dech professionell ausgesinn, a ginn Dir vill Kombinatiouns-Méiglechkeeten: Du kanns e Paltong, e Pullover oder Däi Liblingskostüm driwwer undoen. Eng kleng Remark niewelaanscht: Heesprénger si Glécksbrénger a Japan ... Do léisst déi nächst Etapp an Denger Karriär sécher net ganz laang op sech waarden!
-
"Regular" Schnëtt
-
Klassesche Col
-
Zentraalt Knappleescht vir
-
Äerm mat Fantasie-Manschetten
Mir "rette" Gezei. Gläichzäiteg wëlle mir un all déi bedroten Déieren a Planzen erënneren, déi eise Schutz brauchen. Dofir sinn d'Nimm vun de Kreatioune vu gefäerdeten oder ewell ausgestuerwen Aarten inspiréiert.
Dëst sinn eis Varianten
Gréissten

Faarwen

Verkafsplazen






Entdeck déi verkaafte Variante vum Modell
Dës Artikele si leider net méi disponibel, well all d'BENU Kreatioune sinn Eenzelstécker. Falls Dir e Modell awer besonnesch gutt gefält, kënne mir eppes Änleches fir Dech kreéieren. Mell Dech bei eis!




Däi Wonschartikel net fonnt?
BENU COUTURE bitt Dir un, eng nei Kreatioun just fir Dech hierzestellen! Mir flécken oder transforméieren Deng al Liblingskleeder oder Deng Stoffreschter no Denge Virstellungen.