BENU COUTURE
Du kanns bei BENU COUTURE matmaachen!
Op wat kann ech oppassen, wann ech Kleeder brauch?
Eis GEWËNNER!

Iwwerpréif Däi Kleederschaf an iwwerlee wat s Du wierklech brauchs a benotz!
Well all Kleedungsstéck (och mat engem Nohaltegkeets-Label) verursaacht Waasserverbrauch, Ëmweltverschmotzung a sozial Diskriminéierung.

Fléck Deng Kleeder a verwent se weider!
Du hues e futtisse Pullover, Deng Jeans huet Rëss? Wann s Du selwer net bitzen oder flécke kanns, da fro z.B. an engem Schneideratelier no.

Tausch Deng Kleeder mat Kolleegen a Famill!
Wéi wier et mat enger Swap Party mat gesondem an nohaltegem Iessen a Gedrénks?

Léin oder loun Kleeder!
E speziellen Event steet un? Locations-Plattforme bidden ausgefale Moud an Accessoirë fir speziell Evenementer un, fir déi s Du spéider keng Verwendung méi hues.

Kaf Second-Hand Kleeder!
Gebrauchte Kleeder kafe reduzéiert d'Neiproduktioun, schount d'Ëmwelt an d'Ressourcen an ass dobäi och sozial verantwortlech.

Kaf UpCycling-Moud!
Du fënns se z.B. bei BENU COUTURE :-) Eis Ekipp kann och eng nei Kreatioun mat Dengen ale Kleeder realiséieren.
Zousätzlech zu eise Gewënner-Strategië wëlls Du en Deel vun Dengem Gezei ewechginn? Dann hu mir follgend Rotschléi fir Dech:

Verschenk Deng Kleeder!
Däi Liblingspullover passt Dir net méi? Vläicht gëtt et an Dengem Frëndeskrees oder an Denger Famill eng Persoun, déi sech iwwer dee géing freeën...

Verkaf Deng Kleeder!
Et gi vill Méiglechkeeten: Um Internet, an de soziale Medien, am Second-Hand Shop ëm den Eck, um Floumaart, a lokalen Annoncen...
A wann et wierklech néideg ass... wann s Du et net vermeide kanns, nei Kleeder ze kafen... da kontrolléier ob se lokal produzéiert gi sinn an en Nohaltegkeets-Label hunn.