Entdeck d'Welt vu BENU

Entdeck d'Welt vu BENU

BENU VILLAGE ESCH ASBL

BENU VILLAGE ESCH ASBL

Dat éischt Ekoduerf an der Groussregioun, dat all d'BENU Aktivitéite (Restaurant, Buttek, Konscht) regruppéiert. Mir organiséiere participativ, kreativ a pedagogesch Aktivitéite ronderëm Theeme vun der sozial-ekologescher Kreeslafwirtschaft. Eng méi informatiounsräich Internetsäit wäert bis Enn 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

BENU VILLAGE SIS

BENU VILLAGE SIS

Eng Gesellschaft mat beschränkter Verantwortung, déi de Prinzippie vun der Sozial- a Solidarwirtschaft entsprécht. BENU Village SIS representéiert BENU um private Marché an encouragéiert privat Patrone/onnë sozial-ekologesch Aspekter an hire Betriber ëmzesetzen. Eng nei Internetsäit wäert Ufank 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

BENU SLOOW

BENU SLOOW

Well Ernärung a Liewensmëttelverschwendung Theeme sinn, déi eis um Häerze leien, hu mir BENU SLOOW gegrënnt. Den éischte "Rescued Food" Restaurant an der Groussregioun, bitt eng Bio-Kichen un, originell a virun allem nohalteg! Eng méi informatiounsräich Internetsäit wäert am Wanter 2022/23 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

BENU COUTURE

BENU COUTURE

Dëst ass den éischten UpCycling-Schneideratelier zu Lëtzebuerg! Mir bidden eenzegaarteg Stécker un, déi zu Lëtzebuerg aus alem Gezei entworf a produzéiert ginn. BENU COUTURE, dat si lëschteg, faarweg an uspriechend Kleedungsstécker fir Kanner an Erwuessener vun XS bis 5XL. Du kanns Deng Kleeder och no Dengen eegenen Iddie modifizéieren!

BENU REUSE

BENU REUSE

Du wëlls gebrauchte Miwwelen oder Géigestänn verschenken? Du sichs e bestëmmten Objet? Entdeck déi nei Plattform BENU REUSE, déi d'Spende vu gebrauchte Miwwelen a Géigestänn a Lëtzebuerg vereinfacht. D'BENU REUSE Ekipp këmmert sech ëm alles! Mir kommen Deng gebrauchte Saache gratis sichen an transportéiere se bei hir nei Besëtzer:innen. Méi dozou hei:

BENU LaSA

BENU LaSA

Du stells UpCycling-Kreatiounen hier? Du wëlls lokal Kënschtler:inne kenneléieren, déi am Beräich vum UpCycling schaffen? BENU LaSA, am Zentrum vum BENU VILLAGE, ass déi perfekt Plaz fir Deng nohalteg Kreatiounen ze presentéieren, Dech z'inspiréieren an ongewéinlech Kënschtler:innen z'entdecken. Eng méi informatiounsräich Internetsäit wäert am Fréijoer 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

BENU FORM

BENU FORM

Well UpCycling net just Kleedung concernéiert, mee wäit doriwwer eraus geet! BENU FORM entwërft a bitt eenzegaarteg Miwwelen un, déi aus ale Miwwele geupcycelt sinn déi soss um Tipp gelant wieren. All d'BENU FORM Kreatioune fënns du am BENU VILLAGE. Eng méi informatiounsräich Internetsäit wäert am Fréijoer 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

BENU BREAK

BENU BREAK

Brauchs Du eng Paus fir Dech ze erhuelen, Dir Zäit ze huelen oder Dech z'inspiréieren? Wéi wier et, e puer Deeg bei BENU BREAK ze verbréngen, dat eenzegt Hotelszëmmer am BENU VILLAGE? Eng rätselhaft, frëndlech an eenzegaarteg Plaz, einfach ideal. Eng nei Internetsäit wäert bis Enn 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

Du wéils gären al Kleeder oder Stoffer spenden?

Fir eis Kreatioune, benotze mir exklusiv Occasiounskleeder a -stoffer, déi eis vu Privatpersounen offréiert ginn. Mir verschaffe qualitativ héichwäerteg Stoffer vun all Zort. Aus eethesche Grënn benotze mir kee Pelz. Weider Informatiounen zu eiser Aarbecht an de verwente Matièrë fënns Du hei.

Wann s Du Second-Hand Kleeder oder Stoffer u BENU COUTURE wëlls spenden, da went Dech wgl. un eng vun de BENU Sammelplazen.

Ah jo, d'Kleederspenden...

Weess Du, wat mat Dengen ale Kleeder geschitt, déi s Du sozialen Organisatiounen, am Recyclingzenter oder an e Container ofgëss?

A Lëtzebuerg sammele karitativ Associatioune järlech 9.000 Tonne Kleeder. E ganz klenge Prozentsaz vun 1,7% gëtt tatsächlech u Leit am Besoin verdeelt. Déi reschtlech Kleeder ginn an d'Ausland verkaf, wou se nach eemol gesënnert ginn, an dann nees un e Second-Hand Shop (10%) oder op den internationale Maart (36%) weiderverkaf. De Rescht gëtt a Lompe transforméiert, verbrannt oder lant op der Deponie. De Maart ass schonn esou vu Kleeder iwwerschwemmt datt et sënnlos ass, weider Kleeder ze spenden.

Dowéinst invitéiere mir Dech, mat eis aner Léisungen ze sichen. Looss eis zesummen aktiv ginn a méi nohalteg handelen!

Vläicht gëtt et an Denger Gemeng oder an der Ëmgéigend schonn Initiativen, déi Second-Hand Kleedung weiderverwenden oder weiderverkafen...? Oder eng "Tauschbörse" fir Kleeder? Vläicht kann een Deng al Kleeder flécken oder opwäerten... D'Ofginn an d'Spende vu Kleeder komme fir eis eréischt als allerlescht Optiounen a Fro. Merci awer, datt s Du u BENU geduecht hues :)

Weider Gedanken dozou fënns Du am BENU COTURE sengem Mikro fir Politesches!

BENU Sammelplaze fir al Kleeder an Textilien

Du kanns Deng Kleederspend wärend den Ëffnungszäiten ouni Rendez-vous am BENU Shop zu Esch/Uelzecht ofginn. Fir déi aner Sammelplaze biede mir Dech, virdrun telefonesch e Rendez-vous festzeleeën.

BENU Shop
Esch-sur-Alzette

Adress : 32 rue d'Audun, 4018 Esch-sur-Alzette, Luxembourg

Telefon : +352 27 91 19 49

Internetsäit : www.benu.lu

Gérard Kieffer

Adress : 53, rue de Remich, L- 5330 Moutfort, Luxembourg

Telefon : +352 691 35 87 13

Jean-Marie Kieffer

Adress : 4, Ancien Chemin d'Osweiler, L-6469 Echternach, Luxembourg

Telefon : +352 72 82 42

Executive Textil Atelier
Sylvie Hamus

Adress : 49, rue Victor Muller-Fromes, L-9261 Diekirch, Luxembourg

Telefon : +352 26 80 32 50

Naturpark Our
Christian Kayser

Adress : 12, Parc, L-9836 Hosingen, Luxembourg

Telefon : +352 90 81 88-1

Internetsäit : naturpark-our.lu

BENU VILLAGE ESCH asbl
Georges Kieffer

Adress : 50, rue des Celtes, L-1318 Luxembourg, Luxembourg

Telefon : +352 621 18 81 05