BENU COUTURE
Du kanns bei BENU COUTURE matmaachen!
Du kanns Deng Kreatiounen als Partner:in bei BENU COUTURE ausstellen oder verkafen
Bass Du och am Beräich vum UpCycling vu Kleeder oder Textilien täteg? Du deels d'Wäerter an d'Iwwerzeegunge vu BENU COUTURE? Deng Produite gi regional, an engem Ëmkrees vun 300 km vun Esch/Uelzecht hiergestallt?
Wann s Du nëmmen am ReUse, an der Transformatioun an dem UpCycling produzéiers, weder cheemesch Zousazstoffer nach natierlechen oder syntheetesche Pelz verschaffs a syntheetesch Stoffer just an Ausnamefäll benotz, da bass Du bei eis richteg.
Gëff Partner:in vu BENU COUTURE!
Mir proposéieren DIr, Deng Produite an eisem BENU Shop zu Esch/Uelzecht ze verkafen oder gemeinsam mat eis op eisen Events auszestellen.
Firwat regional an engem Ëmkrees vun 300 km?
Wëll BENU VILLAGE dat éischt Ekoduerf an engem Ëmkrees vun 300 km ass. Ausserdeem wëll BENU Produktiounen ënner schwieregen oder zweiwelhafte sozio-ekologesche Bedéngungen, an ze wäit entfernte Länner, net ënnerstëtze mee dofir awer exklusiv regional Produzenten/tinnen.