Dem BENU COUTURE säi Mikro fir Politisches
Blackfriday & Co
Scroll wgl.
Firwat sollt BENU sech zu Fester an „Traditiounen“ ewéi Halloween, Black Friday, Cyber Monday, Black Week - oder Green Friday, wien hätt dat geduecht -, oder zu de Wanter- a Chrëschtmäert äusseren, déi mëttlerweil ëmmer méi laang daueren?
Et huet e Grond, firwat mir eis Meenung dozou matdeelen: Den allgemenge Wonsch no méi Nohaltegkeet.
Vill Leit komme bei eis, fir mat eis iwwer Alternativen ze schwätzen. Alternativen, déi méi nohalteg sinn - sief et beim Bauen, beim Akaf, beim Iessen oder Drénken, beim Gezei oder der Ariichtung. Mëttlerweil sinn d’Medien an den Internet voll mat Rotschléi, Erklärungen an Definitiounen doriwwer, wat et mat der Nohaltegkeet esou op sech huet.
Schlussendlech wëlle mir jo awer alleguer dat selwecht: eis Welt an de Klima retten, fir eise Kanner eng besser Zukunft ze hannerloossen…
… oder?
Tatsächlech hu vill Leit keen Zougang zu dëser Diskussioun, keng Zäit oder kee Verständnëss dofir.
Vill aner Leit maachen sech awer hir Gedanken. An dat ass och gutt esou - net just gutt, esouguer immens wichteg. Merci dofir.
Wéi kann ech also nohalteg konsuméieren? A wat huet dat alles mat deene „Fester“ a „Traditiounen“ ze dinn, déi uewe genannt goufen?
Enger Tatsaach musse mer an d’Ae kucken: et gëtt KEEN nohaltege Konsum. All Konsum hannerléisst e sozio-ekologesche Foussofdrock. Gréng Logoen, ob mat oder ouni Kannermotiv, kënnen am Endeffekt och näischt drun änneren, dass et ëmmer just wäert drëms goen, den Impakt vun dësem Foussofdrock méi oder manner ze reduzéieren an domat de Konsum e bësse manner dramatesch ze maachen (am Sënn vun der Nohaltegkeet).

Nee. U sech net.
Nee. U sech net.
Esou e Green Friday ass schon eng flott Saach.
Ech kann eng gutt Affär maachen an de/d’ Verkeefer:in planzt wärenddeem e bësse Weess an e schéint Feld, oder direkt esouguer en zwanzeg Zentimeter grousse Bam op déi Plaz, wou virun engem Joer nach en Tropebësch mat 1.000 Joer alen Urwaldrise stoung. Esou gëtt nämlech och nach direkt d’Natur gerett!
An net just dat: et huet een domat och nach all de Leit, och deene manner bemëttelten, d’Méiglechkeet ginn, eng richteg gutt Affär ze maachen. Eng wonnerbar sozial Geschicht - also natierlech just fir d’Keefer:innen an d’Verkeefer:innen, well et ass jo kloer, dass d’ Aarbechter:innen, déi de Produit produzéiert hunn, net och nach kënnen dovunner profitéieren.

Komesch ass just, dass d’Fuerschung d’Märche vun der „richteg gudder Affär“ net confirméiere kann. Eng bekannten däitsch Präisvergläichsplattform huet Enn 2020 d'Black-Friday-Rausch-Präisser vun de beléifteste Produitskategorien ënnersicht an huet dobäi en duerchschnëttlecht Spuere vu ganze véier Prozent am Verglach zu den Duerchschnëttspräisser festgestallt. Véier Prozent.
De Witz bei der ganzer Saach ass, dass e konsequent nohalteg orientéierte Konsum e gutt Stéck méi einfach ass, wéi ee géif mengen.
Et muss een dee ganze Prozess einfach ëmdréien, also net an d’Gewulls lafen, fir do erauszefannen, wat mir schonn ëmmer „dringend gefeelt“ huet. Ech investéiere meng Zäit léiwer a mäi Wuelbefannen, meng Liewensqualitéit an doduerch och a meng Zefriddenheet a mäi Glécklechsinn. Wa mir eppes feelt, informéieren ech mech a sichen no gudden - nee - no de beschte Konditiounen. Niewent dem Präis intresséiere mech virun allem nach déi sozial an ekologesch Aspekter ewéi Regionalitéit, Saisonalitéit, d’Aarbechtsbedéngungen am Produktiounsland an esou weider. Eréischt da kafen ech.
De Virdeel?
Ech gewannen onmoosseg vill Zäit a Liewensqualitéit. Ech ginn och net méi Affer vum sougenannte 'Shopping Momentum' (een Akaf féiert dozou, dass ech e weideren, „wichtegen“ Akaf maachen, vgl. d’Rubrik 'Keefer, déi dëse Produit kaf hunn, intresséieren sech och heifir') an hu keng FOMO méi - dat ass d’ech-verpassen-eng-super-Occasioun-Angscht, op Englesch d’'fear of missing out' (FOMO)
Schlussendlech superen ech dobäi och nach Suen a reduzéiere mäin Offall. Ass dat net mega?
Ech froe mech elo just, ob ech mat esou engem Verhalen net eis „Traditiounen“, ewéi zum Beispill Halloween, stéieren oder futti maachen? Obschonn d’Welt nach ëmmer no dem richtegen Ursprong vun dësem Kürbisfest sicht - nieft dem Charlie Brown, versteet sech …
Oder d’Wantermäert, déi mir extra esou genannt hunn, fir se och nach no Chrëschtdag ubidden ze kënnen? Grad op dëse Mäert, déi ee Gefill vu Wuelbefanne verspriechen, zesumme mat engem pueren Holzgeroch an ursprénglechem Handwierk, fanne mir ëmmer méi Iessbuden, déi déi selwecht Wirschtecher ubidden, déi et d’lescht Kéier bei der Erëffnung vum Discounter ëm den Eck och gouf, esou wéi och all méigleche Krimskrams an alle Plastiksvariatiounen, dee frësch aus Länner ouni Ëmweltrichtlinnen an ze niddregem Salaire importéiert ginn ass.
Wou sinn se, meng léif Traditioune mat selwergemaachtem Beiewuess aus dem regionalen Atelier, oder dat selwer gekacht, saisonaalt Iesse vun der Duerfgrupp, déi op e gemittlecht Zesummesinn invitéiert? Elo gëtt mer just eng gewiermte Pizza op engem („Einweg“-)Kartongsteller ugebueden. Soll dësen Teller vläicht Nohaltegkeet suggeréieren, just well de Plastik bannendran verschafft an net erkennbar ass? Esou gëtt en eis quasi als „Bio-Teller“ presentéiert - als nohaltegt Géigestéck zum „Einweg“-Plastikteller.
Nee, éierlech: ech bleiwe léiwer beim Eraussichen a Kafe vun deene Saachen, déi ech wierklech brauch. De Rescht vu menger Zäit verbréngen ech mat deene Leit, déi mir wichteg sinn. Dat ass mat Sécherheet méi nohalteg - och fir meng Séil.
Weiderliesen: Op de BENU Facebook an Instagram fënns Du e Post iwwer d’Konsummonster … Liesenswäert ;)

Loosst eis zesummen ufänken, eppes ze ÄNNEREN .
Georges
Dag vun de Singelen. Den 11. November. Erfonnt vun Universitéitsstudenten a China. Si hunn sech fir den 11.11. entscheed, well déi Zifferen ausgesi wéi einsam Mënschen. Alibaba huet déi Iddi opgegraff am Joer 2009 an huet dorausser en Dag mat Promotioune gemat, déi an éischter Linn alleng liewend Mënsche viséiert hunn, déi sech eppes Guddes leeschte wéilten.
Säit däer Zäit sinn d'Verakfszuele kontinuéierlech eropgaang, an haut gëtt um Dag vun de Singelen méi Geschäft gemat wéi bei all aner kommerziell Verkafsinitiativ. Lescht Joer huet Alibaba op dësem Dag en Ëmsaz vun 30,8 Milliarden englesch Pond gemat wärenddeem an de ganzen USA d'Konsumenten 13,92 Milliarden US-Dollar ausginn hunn um Black Friday a Cyber Monday zesummen.
[Halloween, Black Friday, Cyber Monday … wat kënnt als nächsten décken Verkafsevent? | The Drum 11.10.2019]