Dem BENU COUTURE säi Mikro fir Politisches
Fräischäin
Scroll wgl.
Ech maache mir Gedanken iwwer eng gerecht Moud. Vill Gedanken.
Onwarscheinlech vill Etüden, Rapporten, Bicher, Filmer an Artikelen. Mee ech kann d’Moud net méi gerecht maachen. Wat kann ech maache fir datt d’Leit am Bangladesch an a China endlech dezent Aarbechtsbedéngungen an en akzeptabele Mindestloun kréien? Kann ech mech dogéint wieren, datt China enorm Zommen an eng nei Massekleederindustrie an Ethiopien investéiert, an där d’Mënschen endlech emol eng Aarbecht hunn? Nee, a genau dat wëll de Kapitalismus, nee, genau dat wëlle mir selwer. D’Leit schaffen hei eng Stonn fir ongeféier 15 Cent. Genee aus deem Grond, loossen esou vill Textilfabrikanten/innen hir Kleeder an Ethiopie bitzen, wéi zum Beispill Tchibo aus Däitschland. Laut Global Living Wage Coalition, bräicht ee mindestens een Euro d’Stonn fir an deem Land dezent vu senger Aarbecht liewen ze kënnen.
Wann ech déi global Industrie net ännere kann, an och emol net beaflossen, kann ech awer lokal besser akafen. Oder? Meng Gedanke ginn a Richtung Label: Bio, Fairtrade , Global Organic Textile Standard . Ass et net schonn e grousse Schratt, wann ech heiansdo probéieren, e Kleedungsstéck ze kafe mat esou engem Label?
Genau do fänkt et un. De Risiko, sech gutt fillen ze wëllen. Mir verlaangen dono. Endlech e Verhalensmuster bei deem ech, am Idealfall, mäi Liewensstandard net erofschrauwen oder meng Gewunnechten ännere muss a gläichzäiteg, “besser” liewen, iergendwéi méi nohalteg, jo, méi gerecht. Wann ech mech dobäi ertappe wéi ech dovunner ofwäichen, zum Beispill am Rayon vun de Superpromotiounen, erklären ech direkt, preventiv, datt een net ëmmer d’Wiel huet, an datt schlussendlech net alles vun deene puer T-Shirten ofhänkt, déi ech ergattere konnt, dass … An dëser Situatioun, hu mir alleguer eng Vilfalt un Erklärungsoptioune parat, déi drop waarden, an de Gebrauch ze kommen.
Doraus entsteet eng Strategie vun den hallwe Saachen. Eng Strategie, déi vun der Politik, mee virun allem vun der Industrie ënnerstëtzt gëtt, mat Vehalensrecommandatiounen a sougenannte Fräischäiner: gehei Deng Kleeder net an d’Poubelle, mee an de Container hei ëm den Eck. Um Sticker vum Container, seet Dir e Kand mat groussen Aen scho Merci fir Däin Don. Villmools Merci. Du hëllefs eis. Zéck net erëmzekommen an aner Kleeder ofzeginn. Du méchs Guddes. Mäi Gott, dat ass e schéint Gefill.
A kengem fält op, dass ech esouguer zwee Mol gewannen: éischtens, hëllefen ech deem Kand um Container an zweetens maachen ech, schtttt!, doheem Plaz fir nei Kleeder, déi ech kierzlech am Buttek gesinn hunn. Ausserdeem kann ech deem Kand net nëmme gebrauchte Kleeder ginn. Dat wier onhéiflech, bis hin zu asozial. Also ass et besser, d’Kleeder oft ze wiesselen, fir nach méi Guddes ze maachen. A gläichzäiteg, den aarme Leit déi meng Kleeder hierstellen hëllefen, hiren (bedauernswäerten) Job net ze verléieren. Ech fille mech gutt, nee, ech fille mech wonnerbar gutt! Wa jiddwereen esou denken an handele géif, hätte mer sécherlech keng Probleemer méi, op d’mannst emol am Textilsecteur.

Ëmmer erëm. An iwwerall.
Ëmmer erëm. An iwwerall.
Ok.Vläicht.
Mir fält op, datt dat genee dat Denkscheema ass, wat gefuerdert gëtt a vun alle (!) Säite guttgeheescht gëtt. A genau dee Modell huet eis an déi aktuell Situatioun bruecht: eleng Europa verbrennt 35 kg Kleeder pro Sekonn an nennt dat “Kleederrecycling” (autsch) ... Däitschland eleng sammelt all Joer iwwer 1,3 Milliounen Tonne Kleeder ... wat ëmgerechent ongeféier 5 Milliarden (!) T-Shirten entsprécht ... all Joer ... wien dréit dat alles ... wéi vill Kanner mat groussen Aen brauch een, fir all déi Kleeder ze droen. D’Tendenz no méi léisst einfach net no. Obwuel mir, op d’mannst heiansdo, Fairtrade a Bio kafen. Obwuel mir eis Kleeder an de Container geheien oder beim BENU ofginn.

Stop. Wannechgelift!
Wa mir wierklech nohalteg handele wëllen, eppes bewierken, jo, eppes ännere wëllen, da musse mir elo ophalen, eis selwer ze beléien.
E sozial an ekologesch nohaltege “Konsumrausch” gëtt et net. D’Kleeder ginn net recycelt.
Mir hëllefen och kenge léiwe Kënnercher wa mir esou vill Kleeder ewéi méiglech an de Container geheien, oder dem Paschtouer ofginn, oder der Nopesch déi eng Tatta a Bulgarien huet, déi d’Leit am Besoin dohannen akleet.
D’Welt geet ënner an de Kleeder. Eis Kleeder. D’Miere si voll dovun, grad esou ewéi d’Wüüsten (z. B. am Chile). An dat ass net well et iergendwou op der Äerd, béis Leit ginn, déi dofir verantwortlech sinn. Nee. Dës Mëssdote sinn eng logesch Konsequenz vun eise Konsumgewunnechten.
Kommt mir befreien eis!
Wa mir wierklech eppes wëllen änneren, verbesseren, fir déi aner, fir d’Ëmwelt a virun allem fir eis selwer, musse mir mat deem Wansinn ophalen.
Angeneem an attraktiv Alternativen, déi eis laangfristeg wuelfille loossen, ginn et tatsächlech. Alternativen, déi eis erméiglechen, ënnerschiddlech, schéin, qualitativ Kleeder ze droen, déi manner Chimie-verpescht sinn ewéi traditionell Kleeder. Kuerz gesot, Alternativen, déi effektiv méi nohalteg sinn, méi nohalteg fir d’Ëmwelt a fir eis Mënschen.

Loosst eis zesummen ufänken, eppes ze ÄNNEREN .
Georges
Natierlech hunn d’Weiderverkafen, d’Erëmverwendung an d’Verlängerung vun der Liewensdauer vu Kleedungsstécker eng entscheedend Bedeitung, wann et drëm geet, e bësse Verstand an den Zyklus vun der Moud ze bréngen. Awer ëmmer méi Fast Fashion op de Maart ze bréngen, fir datt se dono nees an den Ëmlaf ka kommen, schéngt déi moudesch Equivalenz zur Kuelestoffspäicherung ze sinn. Et berouegt vläicht d’Investisseuren, mee et ass onwarscheinlech, dass d’Moud domat dekarboniséiert gëtt.
Can we enjoy fast fashion without destroying the planet? | TheGuardian 25.02.2022