BENU COUTURE
Service
Hei kriss Du Äntwerten op déi meescht gestallte Froen
-
Ëmwelt an Nohaltegkeet
-
Wou produzéiert BENU COUTURE?
+ -
Mir produzéiere lokal! Vun der Iddi iwwer den Entworf, den Design an d'Produktioun, bis bei de Montage an d'Ännerung - all d’Aarbechtsschrëtt ginn exklusiv an eisem Bitzatelier zu Esch-Uelzecht gemaach.
-
Wéi eng Matièrë gi fir d'BENU Kreatiounen benotzt?
+ -
Mir benotze fir eis Kreatiounen nëmme gebrauchte Stoff an Textilien, déi mir vu private Kleederspende kréien. Pelz, ob kënschtlech oder echt, ginn aus Prinzip ofgeleent.
Virun dem Verschaffe mécht d’ BENU COUTURE Team eng qualitativ Auswiel vun de Kleederspenden. Hei ginn natierlech Matièrë wéi Woll, Seid oder Kotteng favoriséiert. Et bleift awer heiansdo net ganz aus, dass Stoffer benotzt ginn, déi (och) syntheetesch Faseren enthalen.
Just an Ausnamefäll kafe mir Materialien - wéi z.B. Tiretten - nei. All neien Akaf gëtt kritesch virum Hannergrond vun enger beschtméiglecher Nohaltegkeetsbilanz gepréift. Eng regional Produktioun, Ekolabel, d’Fräiheet vu Schwéiermetaller, eng sozialkompatibel Produktioun …
Méi Informatiounen zu de Matièren, déi mir gebrauchen, fënns Du hei Hei
-
Kann ech Second-Hand-Kleeder u BENU COUTURE spenden?
+ -
Jo! Als Privatpersoun kanns Du al Kleeder oder gebrauchten Textilien u BENU COUTURE spenden. Kontaktéier eng vun de BENU Sammelplazen! Expeditioune per Post huele mir net un, well dës eleng schonn en ze groussen ekologesche Foussofdrock hunn.
Amplaz d’Kleeder ze spende mam Zil, de Kleederschaf eidel ze kréien an direkt nees mat neie Kleedungsstécker ze fëllen, siche mir bei BENU no aneren, méi nohaltege Méiglechkeeten. An et gëtt se och! Et gëtt Second-Hand-Butteker, Initiative fir e Weiderverkaf, fir Kleeder ze lounen, ze tauschen, ze flécken oder ze UpCyclë bestëmmt och an Denger Géigend. Looss Dech inspiréieren!
D’Ofginn an d’Spende vun ale Kleeder ass fir eis eréischt dee leschte Schrëtt. Trotzdeem Merci, dass Du u BENU geduecht hues :)
-
Firwat hëlt BENU COUTURE keng Stoftreschter vun der Kleederindustrie un?
+ -
Well mir vu BENU dovun iwwerzeegt sinn, dass d’Fast Fashion Industrie Verantwortung iwwerhuelen an hir Produktiouns- a Quantitéitsstrategien iwwerdenke soll! Mir wëllen net, dass sech d’Kleederindustrie als “gréng” verkeeft, andeems se BENU COUTURE vermeidbar Reschter iwwerléisst a gläichzäiteg awer weider en Masse produzéiert - an domat de Marché mat Kleedungsstécker iwwerschwemmt, déi just e kuerzt Liewen hunn.
-
Kann en Expeditiounshandel nohalteg sinn?
+ -
Dës Fro gehéiert zu den am heefegsten diskutéierte Sujete vum BENU Team, an ass eendeiteg mat engem NEE ze beäntwerten!
Den Online-Handel erfuerdert en enorm héijen Opwand an de Beräicher Logistik a Verkéier. Mat dem Verbrauch vu Sprit a Stroum hannerléisst en ee groussen ekologesche Foussofdrock an huet negativ Auswierkungen op eis Ëmwelt. An awer si mir vu BENU iwwerzeegt dovun, dass mir den Internet brauchen, fir d’Iddi vun eisem Projet weider ze entwéckelen an ëmsou besser ze verbreeden.
Fir den Onlinehandel e bësse méi nohalteg ze maachen:Wiele mir eis Liwwerpartner no sozial-ekologesche Krittären aus,
Fir d’Expeditioun benotze mir just gebrauchte Kartongskëschten a plastiksfräien, ëmweltschounende Pechpabeier, a verzichten op zousätzlech Plastiksverpakungen,
Mir bidde weder Versand nach Retoure gratis un, a probéieren domat, d’Quantitéit u Sendungen op e Minimum ze reduzéieren.
-
Wat huet d’BENU Logo mat Ëmwelt an Nohaltegkeet ze dinn?
+ -
Eis Kreatiounen droen als Markenzeechen de BENU Villchen, dee gleichzäiteg och d’Logo vum BENU Projet ass!
BENU gëtt ausgeschwat wéi ‘Be New!’, a bedeit ongeféier ‘Sief Nei!’. De BENU Villche kennt aus der ägyptescher Mythologie a gouf - haaptsächlech an der Gestalt vum Reier - och schonn an den ägyptesche Pyramiden duergestallt. Hien ass de Virgänger vum griichesche Phönix, deem wonnerschéine roude Villchen, deen um Enn vu sengem Liewenszyklus entweder verbrennt oder stierft, fir ëmmer nees aus sengen Äschen nei gebuer ze ginn.
An dëst symboliséiert d’Gesamt-Iddi vu BENU!
BENU COUTURE huet sech, genau ewéi och all eis aner Projeten an natierlech och dat ganzt Ekoduerf, enger konsequenter, sozio-ekologescher Kreeslafwirtschaft verschriwwen. D’Weiderbenotzung, den UpCycling, „Aus al maach nei“ …. Ëmmer siche mir no Méiglechkeeten, eppes weider ze benotzen, manner nei Ressourcen ze verbrauchen an nach manner Ressourcen ze entsuergen.
Méi Informatiounen iwwer BENU fënns Du hei
-
Wat bedeiten d'Nimm vun de BENU Modeller?
+ -
Mat eiser UpCycling-Moud "rette“ mir gebrauchte Kleedungsstécker, déi soss ewechgeheit géife ginn. Gläichzäiteg wëlle mir un all déi bedroten Déieren a Planzen erënneren, déi op eise Schutz ugewise sinn. Dofir dréit all Kreatioun en Numm, dee vun enger bedroter oder och schonn ausgestuerwener Aart inspiréiert ass. Ënner all Modell fënns du ee Link, deen Dech op eng Beschreiwung vun der jeeweileger Aart weiderleet.
-
-
Soziaalt
-
Wéi ginn d'Präisser bei BENU bestëmmt?
+ -
BENU COUTURE steet fir fair an transparent Präisser, déi déi reell Käschte vun der Kleederproduktioun reflektéieren. D’Präisser fir all d’BENU Kreatioune fixéiere mir entspriechend dem reellen Aarbechtsopwand: 1 Stonn Aarbecht = 30 Euro (mat TVA)
Mir kucken also, wéi laang et dauert, fir ee Kleedungsstéck ze produzéieren. An dëser Aarbechtszäit sinn all d’Aarbechtsschrëtt fir d’ Produktioun vun enger BENU Kreatioun mat abegraff: d’Virbeaarbechtung vum Stoff, d’Zouschneiden, d’Upassen, d’Zesummebitzen, déi ofschléissend Qualitéitskontroll an d’Fotograféieren. Déi gebrauchte Matièrë ginn net an de Präis mat agerechent.
-
Kann ech bei BENU de Kulturpass benotzen?
+ -
Jo! Mat engem Kulturpass kriss Du haut scho fräien Zougang an déi verschidde Partnermuséeën an en Entréesbilljee fir kulturell Evenementer wéi zum Beispill Danzopféierungen, Concerten, Theaterstécker, d’Cinemathéik oder Festivallen fir 1,50 Euro.
Mir vu BENU wëllen e Schratt méi wäit goen. Mir wënschen eis, dass d’Offer vum Kulturpass - iwwer kulturell Evenementer eraus - och an anere Beräicher gräift. Mam Kulturpass kriss Du dofir eng Reduktioun op all eis Servicen a Produiten. Sief et beim Kaf vun engem Kleedungsstéck bei BENU COUTURE oder enger Visitt an eisem Restaurant BENU SLOOW… Du bezils iwwerall d’Hallschent vum reguläre Präis.
Méi Informatiounen iwwer de Kulturpass fënns Du op www.kulturpass.lu
-
-
D'Kreatiounen
-
Sinn d'BENU Kreatiounen a verschiddene Gréissten disponibel?
+ -
D’BENU Kreatioune ginn en Serie produzéiert. Dat heescht, dass déi eenzel Modeller normalerweis och an ënnerschiddleche Gréissten disponibel sinn. Ofhängeg vum Design an der Nofro vum Modell kann et awer och emol sinn, dass mir net all d’Gréisste produzéieren.
All d’Informatiounen iwwer d’BENU COUTURE Gréisste fënns Du an eiser Gréisstentabell.
Well mir fir d’Produktioun nëmme Stoff vu gebrauchte Kleeder an Textilien benotzen, ass all Artikel en Eenzelstéck. Dofir kann et virkommen, dass net ëmmer all d’Gréissten en stock disponibel sinn. Wann s Du deng Wonschgréisst net fënns, da kontaktéier eis. Mir ginn eis Méi, Däi Wonsch ze erfëllen.
-
Firwat bidde mir Unisex Kleeder un?
+ -
BENU ënnerstëtzt d’LGBTQ+ Communautéit an engagéiert sech fir d’Akzeptanz an d’Gläichberechtegung vun all de Mënschen, onofhängeg vun hirer Geschlechtsidentitéit an hirer (A)Sexualitéit.
An der Welt vun der Moud ass déi binär Opdeelung a “Männer” a “Fraen” ëmmer nach dominant. “Fraen” sollen am “Fraen”-Rayon akafen, a “Männer” am “Männer”-Rayon. Esou ass et och an deene meeschten Online-Butteker, wou d’Kollektioune fir “Fraen” a “Männer” strikt getrennt, an d’ Filterfunktiounen op dës zwou Kategorie reduzéiert sinn.
Mir vu BENU COUTURE sinn der Meenung, dass jiddereen déi Kleeder undoe soll, an deenen hien/hat sech wuelfillt - onofhängeg dovun, fir wien d’Moud kreéiert ginn ass. Andeems mir eis Kreatiounen an engem Unisex Design entwerfen, schafe mir eng Moud fir jiddereen. Du kanns Dech natierlech an all eise Rayonen ëmkucken an Däin ideaalt Kleedungsstéck entdecken.
-
Wat bedeit de Faarfcode bei de BENU Kreatiounen?
+ -
Mir benotze fir d’Produktioun nëmme Stoff vu gebrauchte Kleedungsstécker an Textilien. Dobäi ginn d’Kreatioune meeschtens aus ënnerschiddleche Stoffer zesummegesat, esou dass se oft och aus verschiddene Faarwe bestinn.
Ënner all Artikel fënns Du e Faarf-Indice. Dëse weist déi jeeweileg dominant Faarf vum Kleedungsstéck. Well all d’BENU Kreatiounen eenzegaarteg an Unikater sinn, sinn déi verschidde Modeller net an all Faarf disponibel.
A wann e Modell net an Denger Liblingsfaarf disponibel ass, da mell Dech bei eis! Gäre kenne mir e Modell no Denge Faarf-Wënsch realiséieren.
-
Kënne meng al Liblingskleeder fir eng BENU Kreatioun benotzt ginn?
+ -
Jo, natierlech! Sich Dir eng BENU Kreatioun eraus, déi Dir gefält. Mir produzéieren se extra fir Dech an integréieren dobäi e Stéck Stoff, dat’s Du eis gëss. De Stoff kennt also z.B. vun Dengem Liblingspullover, dem Hiem vun dengem Frënd, der Bluse vun denger Frëndin, oder… Esou entsteet en Eenzel-Emotiouns-Stéck, just fir Dech!
-
Kann ech eng BENU Kreatioun ännere loossen?
+ -
Jo! Wann Dir e Modell gefält, mee Deng Liblings-Ausféierung Dir net richteg passt, da kenne mir dat Kleedungsstéck gäre fir Dech individuell upassen. Vläicht ass och e Modell net an Denger Liblingsfaarf disponibel? Oder déi Ausféierung, déi Dir gefällt, ass scho verkaaft? Kee Probleem! Mir kennen e Modell no Denge Faarf-Wënsch realiséieren.
-
Mécht BENU COUTURE Kleeder op Mooss?
+ -
Jo! Gäre flécken a verwandele mir Däin alt Liblings-Kleedungsstéck no Dengen individuelle Virstellungen. Och e komplett neit Kleedungsstéck op Basis vun Dengen zur Verfügung gestallte Kleeder a Stoftreschter ass méiglech. BENU COUTURE proposéiert, Dir eng nei a just fir Dech geduechte Kreatioun ze produzéieren!
Beléift sinn och d’BRING-IN Produktiounen: hei sichs Du Dir eng BENU Kreatioun eraus, déi mir fir Dech produzéieren. Dobäi integréiere mir en Stéck Stoff, dat s Du eis zur Verfügung stells. De Stoff kennt also z.B. vun Dengem Liblingspullover, dem Hiem vun dengem Frënd, der Bluse vun denger Frëndin, oder… Esou entsteet en Eenzel-Emotiouns-Stéck, just fir Dech!
-
Wéi fleegen ech d'BENU COUTURE Kreatiounen?
+ -
Fir all BENU Artikel fënns Du Fleeg-Instruktiounen. D’Fleeg-Symboler weisen Dir, wéi’s Du Däi Kleedungsstéck wäschen, dréchnen a strecke kanns, ouni dass et beschiedegt gëtt. Dës Recommandatioune berécksiichtegen dee sensibelsten Deel vum Artikel (z.B. d’Tiretten). Trotzdeem kenne mir net garantéieren, dass Flecken an Dreck komplett verschwannen. Fir e responsabelen Ëmgang mat der Ëmwelt an dem Gezei recommandéiere mir Dir, Deng Kleedungsstécker mat enger méiglechst niddreger Temperatur zu wäschen an ze strecken.
En Iwwerbléck iwwer eis Fleeg-Symboler fënns du Hei
-
Gëtt et eng Garantie?
+ -
Jo! Mir wëllen, dass Du méiglechst laang Freed un Denger BENU Kreatioun hues! All eenzelt Stéck gëtt am BENU Bitzatelier professionell a mat enormer Prezisioun produzéiert. Falls du awer eng Kéier ee Produktiounsfeeler fanne sollts, wéi z.B. ee Feeler an enger Nout oder engem Verschloss, kanns du bei eis kommen oder eis Däi Stéck schécken.
Mir këmmeren eis natierlech gratis ëm d’Flécke vun dengem Kleedungsstéck, an dat e Liewe laang! Schied, déi duerch den normale Gebrauch entstinn, wéi z.B. d’Ofnotze vum Stoff, flécke mir fir Dech zu eisem normale Präis - also dem Aarbechtsopwand no.
-
-
Bestellung a Bezuelung
-
Wéi kann ech bei BENU bestellen?
+ -
Du hues d’Méiglechkeet, Deng Bestellung entweder mat Dengem BENU Konto oder als Visiteur:euse ouni Konto opzeginn. Wann s Du Dech ugemellt hues, kanns Du de Status vun Denger Bestellung ëmmer op Dengem Konto suivéieren.
Fir d’Bestellung ze finaliséiere muss Du den Artikel, dee s Du Dir erausgesicht hues, fir d’éischt an den Akafskierfche leen. Hei hues du och d’Wiel tëscht verschiddene Kaddosoptiounen, déi nach zousätzlech kenne gewielt ginn - wéi z.B. enger Verpakung oder engem Kaddosbong. Hei kanns du och Däin eegene Kaddosbong oder och aléisen.
Wärend dem weidere Bestellprozess kanns Du eng Bezuelmethod eraussichen an uginn, ob d’Bestellung soll bei Dech heem geliwwert ginn oder ob s du se selwer an de BENU Shop wëlls siche kommen.
Méi Informatiounen iwwer d’Bestellunge fënns Du an eisen Allgemeng Gebrauchsbedéngungen
-
Wéi eng Bezuelmethode ginn et?
+ -
Am Online-Shop vu BENU COUTURE kanns Du mat der Kredit-, Debit- oder Prepaidkaart, PayPal, Payconiq/Digicash oder per Bankiwwerweisung bezuelen.
Méi Informatiounen iwwer d’Bezuelméiglechkeete fënns du Hei
-
Kann ech BENU Kreatiounen och perséinlech op der Plaz kafen?
+ -
Jo! D’BENU Kreatioune kanns Du net nëmmen online, mee och direkt bei eis am BENU Shop am BENU VILLAGE zu Esch-Uelzecht kafen. Hei kanns Du Dech inspiréieren a perséinlech berode loossen. Aktuell fënns Du och e puer BENU Kreatiounen am Lët'z Refashion Pop-Up Buttek an der Stad, enger Initiativ vun der Campagne „Rethink your Clothes“.
Artikelen, déi am PopUp Buttek, mee net am BENU Shop zu Esch-Uelzecht disponibel sinn, sinn op www.benucouture.lu mat engem Villche-Symbol markéiert.
D’Adressen an d’Ëffnungszäite vun de Verkafsplaze fënns Du Hei
-
-
Akafsbongen
-
Wéi eng Akafsbonge ginn et?
+ -
BENU Akafsbonge gëtt et am Wäert vun 1 Aarbechtsstonn (30€) bis 6 Aarbechtsstonnen (180€). Du hues och d’Méiglechkeet, e Bong aus Stoffreschter ze kafen, fir dee mir Dir 5€ Produktiounskäschte verrechnen. Eis Kaddosbonge gëtt et awer och digital als PDF.
Eis BENU Akafsbonge fënns Du Hei
-
Wéi léisen ech en Akafsbong an?
+ -
Du kanns Däi BENU Akafsbong direkt bei der Online-Bestellung aléisen, andeems Du d’Nummer vum Bong ugëss. De Wäert vum Bong gëtt automatesch vum Gesamtpräis ofgezunn.
Däin Akafsbong ass net nëmmen am Online-Shop vu BENU COUTURE, mee och op all aner Internetsäit vu BENU (ausser www.benureuse.lu ) oder am BENU VILLAGE zu Esch-Uelzecht fir all d’Aktivitéite vu BENU anzeléisen, an dat ouni zäitlech Begrenzung!
Méi Informatiounen iwwer d’BENU Akafsbonge fënns du an eisen allgemenge Gebrauchsbedéngungen
-
-
Expeditioun
-
Wouhi gëtt geliwwert?
+ -
BENU COUTURE liwwert an dës Länner:
Lëtzebuerg, Belsch, Holland, Däitschland, Frankräich, Éisträich, Schwäiz, Tschechesch Republik, Dänemark, Finnland, Italien, Portugal, Slowenien, Slowakei, Spuenien, Griicheland, Ungarn, Irland, Island, Litauen, Norwegen a Groussbritannien.
Wann s Du en Artikel an en anert Land geliwwert wëlls kréien, da mell Dech wannechgelift bei eis. Mir kucken dann, ob an ënnert wéi enge Konditiounen eng Liwwerung méiglech wier.
-
Firwat liwwert BENU COUTURE net gratis?
+ -
An Zäite vun engem Online-Marché deen ëmmer méi séier wiisst, vergiesse mir dacks, dass all eenzel Liwwerung en enormen Opwand vu Logistik, Personal, Sprit, Energie an Zäit bedeit. All Online-Kaf hannerléisst een „ekologesche Foussofdrock“ a wierkt sech op eis Ëmwelt aus.
Net ewéi vill aner Online-Shops hu mir dofir decidéiert, d’Expéditiounskäschten ze verrechnen an d’Käschte vun de Retouren net ze iwwerhuelen. Mir géifen eis wënschen, dass dëst d’Leit motivéiert, méi bewosst ze konsuméieren a sech virun all Akaf d’Fro ze stellen, ob dësen och wierklech néideg ass.
A wann s Du Dir net sécher bass, ob Däi Kleedungsstéck, wat s Du Dir wënschs, passt, da komm et gäre bei eis umoossen. Mir freeën eis iwwer Däi Besuch!
Du fënns eis Hei
-
Wéi héich sinn d'Expeditiounskäschten?
+ -
D’Expeditiounskäschte riichten sech no Dengem Land an dem Gesamtgewiicht vun Denger Bestellung. Dënn a liicht Artikele bis 500g, wéi zum Beispill Akafsbongen, verschécke mir als Bréif - gréisser Wuere ginn a Kartongskëschte verschéckt.
Mir verrechnen Dir d’Käschte fir d’Verschécke mat der Post Luxembourg. Da kommen nach 2 Euro pro Pak, bzw. 1 Euro pro Bréif, fir eis Aarbechtszäit fir d’Verpake vum bestallten Artikel derbäi. D’Verpakung u sech ass gratis.
Eng Iwwersiicht iwwer d’Expeditiounskäschte jee no Gewiicht a Land fënns Du Hei
-
Wéi laang ass d'Liwwerzäit?
+ -
Esoubal d’Bezuelung vun Denger Bestellung bei eis ukomm ass, kenne mir Däin Artikel fir d’Expeditioun preparéieren. Mir ginn eis Méi, Deng Bestellung innerhalb vun engem Aarbechtsdag fir d’Expeditioun prett ze maachen a se bei der Post Luxembourg ofzeginn. Wann an Denger Bestellung een oder och méi Artikelen aus dem Pop-Up Store derbäi sinn, kann d’Preparatioun fir d’Expeditioun aus logistesche Grënn awer och emol méi laang daueren.
-
Kann ech meng Bestellung och am BENU Shop ofhuelen?
+ -
Jo! Wann s Du Deng Bestellung léiwer perséinlech an de BENU Shop op Esch-Uelzecht wëlls siche kommen, muss Du dat just wärend dem Online-Bestellprozess esou uginn.
Well eis Lagerkapazitéite limitéiert sinn, géife mir Dech bieden, Deng Bestellung innerhalb vun engem Mound bei eis sichen ze kommen. Bréng dofir wannechgelift Deng Confirmatiouns-E-Mail mat der Bestellnummer mat, entweder an digitaler oder geprinter Versioun.
-
Wéi eng Zort vu Pak benotzt BENU fir d'Expeditioun?
+ -
Fir Ressourcen ze spueren, ginn all eis Wueren a gebrauchte Kartongskëschten, déi mir domat nach eng Kéier benotzen, verschéckt. Mir verzichten doriwwer eraus och komplett op Plastiksverpakungen a gebrauche plastikfräien, ëmweltschounende Pechpabeier.
-
-
Retour, Remboursement a Reklamatioun
-
Kann ech en Artikel ëmtauschen?
+ -
Nee! Well mir fir d’Produktioun nëmme Stoff a Matièrë vu gebrauchte Kleeder an Textilien benotzen, ass all Artikel en Eenzelstéck. En Ëmtausch vun dëser Wuer ass also net méiglech.
Sollt de bestallten Artikel Dir net passen oder gefalen, kanns du en awer innerhalb vun 28 Deeg - ab dem Expeditiounsdatum gerechent - un eis zeréckschécken, an Dir op eiser Internetsäit en neien Artikel bestellen.
All d’Informatiounen iwwer Retouren a Remboursementer fënns du Hei
-
Kann ech en Artikel zeréckschécken?
+ -
Jo! En Artikel, deen Dir net gefält oder passt, kanns Du innerhalb vun 28 Deeg - ab dem Expeditiounsdatum gerechent - un eis zeréckschécken, oder perséinlech an eisem BENU Shop zu Esch-Uelzecht ofginn. Wannechgelift pass awer drop op, dass den Artikel, dee s Du un eis zeréckschécke wëlls, an engem impeccabelen Original-Zoustand ass - dat heescht net gebraucht an och net gewäsch. E virsiichtegt Umoosse vun eise Kleeder ass awer natierlech guer kee Problem.
Wéi de Retour am Eenzelfall funktionéiert, erkläre mir Dir Hei
-
Firwat muss ech d’Retour vu menger Bestellung selwer bezuelen?
+ -
An Zäite vun engem Online-Marché deen ëmmer méi séier wiisst, vergiesse mir dacks, dass all eenzel Liwwerung en enormen Opwand vu Logistik, Personal, Sprit, Energie an Zäit bedeit. All Online-Kaf hannerléisst een „ekologesche Foussofdrock“ a wierkt sech op eis Ëmwelt aus.
Net ewéi vill aner Online-Shops hu mir dofir decidéiert, d’Expéditiounskäschten ze verrechnen an d’Käschte vun de Retouren net ze iwwerhuelen. Mir géifen eis wënschen, dass dëst d’Leit motivéiert, méi bewosst ze konsuméieren a sech virun all Akaf d’Fro ze stellen, ob dësen och wierklech néideg ass.
Am Fall vun enger feelerhafter Wuer, enger falscher Liwwerung etc., iwwerhuele mir awer natierlech d’Käschte vum Retour. Déi ginn Dir nodréiglech zesumme mat dem Akafspräis rembourséiert.
A wann s Du Dir net sécher bass, ob Däi Kleedungsstéck, wat s Du Dir wënschs, passt, da komm et gäre bei eis umoossen. Mir freeën eis iwwer Däi Besuch! BENU Shop zu Esch-Uelzecht!
-
Wéi kann ech eng Reklamatioun maachen?
+ -
Et deet eis Leed, wann Däin Artikel net der gewinnter BENU COUTURE Qualitéit entsprécht, feelerhaft ass oder mir eis geiert hunn, an Dir en Artikel geschéckt hunn, dee s Du net bestallt hues.
Wannechgelift schéck eis den Artikel zréck, a gëff Deng Grënn dofir un. Wéi d’Retour am Eenzelfall funktionéiert, erkläre mir Dir hei.
Falls mir Dir e feelerhaften Artikel (mat Produktiounsfeeler) geschéckt hunn, kanns Du bei eis nofroen, ob dëse Feeler gefléckt ka ginn. Mir iwwerpréiwen dann, ob d’Flécke méiglech ass oder ob eventuell eng Präisreduktioun ka gemaach ginn.
Am Fall vun enger Reklamatioun (Artikel mat Produktiounsfeeler, falsch Liwwerung etc.), déi op e Feeler vu BENU COUTURE zeréckzeféiere sinn, rembourséiere mir natierlech all d’Expeditiouns- a Retourkäschten.
Bei weidere Froen iwwer d’Reklamation mell Dech bei eis!
-