BENU COUTURE
Service
Esou kanns Du bezuelen
Am BENU COUTURE Online-Shop kanns Du einfach vun doheem bestellen a bezuelen. Mir bidden Dir folgend praktesch a sécher Bezuelméiglechkeeten un. Déi genee Konditioune fir d'Bezuelung an d'Liwwerung fënns Du an eise Gebrauchsbedéngungen.
Bezuelung mat Kredit-, Debit- oder Prepaidkaart

Wat d'Kreditkaartebezuelungen uginn, schaffe mir mam Online-Bezuelservice Stripe zesummen. Bei BENU COUTURE kanns Du mat alle Kreditkaarte bezuelen, déi momentan vu Stripe ugeholl ginn. Am Moment sinn dës:
- • Mastercard
- • Visa
- • American Express
- • China UnionPay (CUP)
- • Discover & Diners
- • Japan Credit Bureau (JCB)
Du kanns per Kreditkaart bezuelen mat oder ouni BENU Kont. Deng Kreditkaart gëtt eréischt no Ofschloss vun der Bestellung belaascht. Wann d'Bestellung bei eis agaang ass, kriss Du eng Bestätegung per E-Mail an d'Wuer gëtt fir d'Expeditioun virbereet.
Bezuelung mat PayPal

Wann s Du mat PayPal bezuele wëlls, leede mir Dech wärend dem Bestellprozess op d'PayPal-Säit weider. Als PayPal-Client:e kanns Du Dech aloggen an d'Bezuelung an Optrag ginn. Wann s Du nach kee PayPal-Kont hues, kanns Du elo een opmaachen oder d'Bezuelung als Gaascht:in mat Direktdebit oder Kreditkaart duerchféieren. Du kanns mat PayPal bezuelen esouwuel mat ewéi och ouni BENU Kont. Esoubal mir d'Bezuelung kritt hunn, gëtt Deng Bestellung fir d'Expeditioun virbereet.
Bezuelung mat Payconiq/Digicash

Bezuelung mat Payconiq/Digicash ass méiglech esouwuel mat ewéi och ouni BENU Kont. Bezuel wgl. de Gesamtbetrag bannent 5 Kalennerdeeg op folgend Telefonsnummer: 00352 621 763 609. Esoubal mir d'Bezuelungsbestätegung kréien, ginn Deng Artikele fir d'Expeditioun virbereet.
Bezuelung per Bankiwwerweisung

Bezuelung per Bankiwwerweisung ass nëmme méiglech wann s Du e Kont bei BENU ageriicht hues an ageloggt bass. Iwwerweis wgl. de Gesamtbetrag op eise Bankkont bannent 5 Kalennerdeeg: Kontbesëtzer: BENU Village Esch asbl. Kontosnummer: BCEELULL LU63 0019 5055 5246 0000. Nodeems de Gesamtbetrag op eisem Kont ukomm ass, ginn Deng Wueren esou séier ewéi méiglech verschéckt.