BENU COUTURE
Service
All wichteg Informatiounen zur Expeditioun
Expeditiounsoptiounen
Mir verschécken Deng Bestellung mat der lëtzebuergescher Post un Deng Liwweradress. Du kanns Deng bestallten Artikelen och bequeem an einfach an eng PackUp 24/24-Statioun vun der Post liwwere loossen. Gëff dofir d'PackUp-Statioun als Liwweradress un. Wann s Du an der Géigend bass an d'Liwwerkäschte spuere wëlls, kanns Du Deng Artikelen och perséinlech ofhuelen an eisem Shop zu Esch/Uelzecht.
Expeditiounskäschten
D'Expeditiounskäschten hänke vun Dengem Land an dem Gesamtgewiicht vun Denger Bestellung of. Dënn a liicht Artikele bis 500 g, ewéi z. B. Akafsbongen, verschécke mir als Bréif. Méi grouss Artikele ginn a Këschte verschéckt. D'Tabell gëtt Dir en Iwwerbléck iwwer d'Fraisen, déi ufalen. Am jeeweilege Montant abegraff sinn d'Expeditiounskäschte vun der Post an zousätzlech 2 Euro pro Pak resp. 1 Euro pro Bréif fir d'Apake vun den Artikelen. D'Vepackungsmaterial ass gratis.
Gewiicht a Kilogramm | Zone 1 (LUX) | Zone 2 (BE/NL) | Zone 3 (DE, FR, AU) | Zone 4 (CH, CZ, DK, FI, IT, PT, SE, SK) | Zone 5 (ES, GR, HU, IR, IS, LT, NO, UK) |
---|---|---|---|---|---|
0.05 | 2.00 | 2.40 | 2.40 | 2.40 | 2.40 |
0.50 | 3.00 | 5.20 | 5.20 | 5.20 | 5.20 |
0.90 | 8.13 | 13.15 | 15.87 | 19.04 | 21.31 |
1.70 | 8.13 | 13.63 | 16.23 | 20.49 | 24.35 |
2.60 | 9.07 | 14.10 | 16.76 | 21.92 | 27.62 |
3.60 | 9.07 | 14.59 | 17.21 | 23.37 | 30.83 |
4.60 | 9.07 | 14.65 | 17.92 | 24.82 | 30.83 |
5.50 | 9.07 | 15.12 | 18.40 | 25.46 | 30.83 |
6.40 | 9.07 | 15.59 | 18.95 | 25.99 | 30.83 |
7.30 | 9.07 | 16.04 | 19.52 | 27.34 | 30.83 |
8.30 | 9.07 | 16.51 | 19.52 | 28.29 | 30.83 |
9.00 | 9.07 | 16.97 | 19.52 | 30.04 | 30.83 |
11.00 | 10.55 | 17.54 | 20.54 | 32.57 | 43.47 |
12.80 | 10.55 | 18.46 | 21.19 | 35.24 | 48.04 |
14.80 | 10.55 | 19.36 | 21.61 | 37.92 | 50.60 |
16.70 | 10.55 | 20.27 | 22.35 | 40.61 | 54.99 |
18.70 | 10.55 | 20.62 | 23.08 | 43.28 | 59.37 |
23.50 | 11.05 | 21.49 | 24.67 | 49.98 | 64.95 |
28.50 | 11.05 | 22.55 | 25.81 | 56.70 | 68.51 |
Eis Expeditiounskëschten
Fir Rostoffer ze spueren, ginn all d'Artikelen a gebrauchten, recuperéierte Këschte verschéckt. Mir verzichten ausserdeem op Plastikverpackungen a benotzen ëmweltfrëndlechen, plastikfräie Pechpabeier.
Expeditiounszäiten
Esoubal Deng Bestellung bezuelt ass, bereede mir Deng Artikele fir d'Expeditioun vir. Mir beméien eis, Deng Bestellung an engem Aarbechtsdag expeditiounsbereet ze maachen a bei der Post ofzeginn. Wann an Denger Bestellung allerdéngs op d'mannst een Artikel aus engem Pop-Up Store kënnt, kann d'Virbereedung aus logistesche Grënn méi laang daueren.