BENU COUTURE
Service
Esou kanns Du Däin Artikel zeréckschécken
Retour
En Artikel, deen Dir net gefält oder net passt, kanns Du bannent 28 Deeg no der Expeditioun un eis zeréckschécken. Wgl. kuck, datt den Artikel, deen s Du zeréckschécks, am Orginal-Zoustand, ongewäsch an onbenotzt ass. E virsiichtegt Umoossen ass awer natierlech méiglech. Wgl. pass op, datt Däi Retour adequat frankéiert ass a schéck en un:
- BENU Village Esch ASBL
- 32 rue d'Audun
- L-4018 Esch-sur-Alzette
- Luxembourg
Alternativ kanns du Deng Artikelen och wärend den Ëffnungszäite perséinlech an eisem Shop zu Esch/Uelzecht zeréckbréngen.
Retourschäin
Fir Däi Retour schnell an einfach beaarbechten ze kënnen, biede mir Dech, e Retourschäin dobäizeleeën. Wann s Du Deng Bestellung mat Dengem BENU Kont opginn hues, fënns Du Däi Retourschäin an Dengem Kont ënner "Meng Bestellungen". Wiel déi concernéiert Bestellung aus a luet Dir de Schäin erof. Dee kanns Du elo printen a bei Däi Retour dobäileeën. Vergiess wgl. net, d'Kontosnummer an de/d'Kontbesëtzer:in anzedroen, fir datt mir Dech zeréckbezuele kënnen! Fënns Du Däi Retourschäin net? Oder hues Du als Gaascht:in ouni BENU Kont bestallt? Da fënns Du hei e Blanko-Retourschäin. Fëll wgl. déi eidel Felder manuell aus a lee dëse Schäi bei Däi Retour dobäi.
Du kanns och e virausgefëllte Retourschäin eroflueden ouni an Däi Kont ze goen. Dro d'Nummer vun Denger Bestellung an Deng E-Mail-Adress hei an!
Remboursement
Mir beaarbechten Däi Retour esoubal e bei eis ukënnt. Den Akafspräis iwwerweise mir Dir dann esou schnell ewéi méiglech op Däi Kont.
Reklamatioun
Falls mir Dir iertemlech en Artikel geschéckt hunn, deen Denger Bestellung net entsprécht, beméie mir eis, no Ufro, Dir dee richtegen Artikel zoukommen ze loossen.
Wann s Du en Artikel mat Produktiounsfeeler kritt hues, kanns Du eng Reparatur ufroen. Mir préiwen dann, ob eng Reparatur méiglech ass oder ob eng Reductioun accordéiert ka ginn.
Bei enger Reklamatioun (Artikel mat Produktionsfeeler, falsch Liwwerung o.ä.) déi un en Iertum vu Säite vu BENU COUTURE läit, iwwerhuele mir natierlech d'Retourkäschten. An dësem Fall brauche mir niewent der Kontosnummer an dem Numm vum/vun der Kontbesëtzer:in och eng Quittung vum bezuelte Porto.